Eis Top10!

*

fullsizerender733

TOP10 N°12 : De beschte Boxemännche vu Lëtzebuerg 2016

Et ass erëm gutt kal, de Glüh-Wäin dämpt schonn, de Kleesche kënnt geschwënn erëm mam décke Sak…do däerf de Boxemännchen net feelen. En traditionellt Lëtzebuerger Gebäck, och nach als Kuchemännche bekannt, wat awer ënnert anere geckege Nimm an urege Formen och am Ausland ze kréien ass (als Männele, Jean Bonhomme a sou weider). Fréier hat en ëmmer eng Päif op dem Bauch leien, haut ass dat tabu an e läit plakeg oder just mat enger agemaachter Kiischt un beim Bäcker hannert der Théik. Bei iwwer 30 Bäcker ware mir fir ze kucke wén d’Box un huet: wéi se den Hief- oder Brioschendeeg verzauberen, wéi se de Männchen dann dekoréieren, a wéi lëfteg en ass, kuerz: wéi en sech um Männerchers-catwalk da sou mëscht.

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn natierlech, wëll eise Männchen soll jo no engem kräftege Mann ausgesinn, schéi brongebrannt, a propper geformt, wéi aus der Men’s Health, mat de Muskelen do wou se solle sinn, mat den décke roude Kiischte-Knäpp op de richtege Plazen, an net wéi eng zerdruddelt Wurscht déi sech schummt dat et se gëtt.

Och cool Dekoratiounen a verspillte Saachen hu mer gären, well et ass wéi am Liewen: déi Originellst gefaalen am meeschten.

Dono d’Lëftegkeet vum Deeg: as et wéi eng stëbseg Gipsemauer, wat oft en Zeechen dovunner ass dat de Männchen déifgefruer oder al war, oder ass et e flott Gefill vun enger Wollek u Liichtegkeet an Delikatesse?

De Geschmaach ass och wichteg: obwuel Hiefdeeg e Klassiker ass, ginn et der déi en net hikréien: fade ewéi eng Zopp ouni Salz, perfekt ofgestëmmt dat de Gomm Kreesch deet, oder awer total iwwerzéckert fir de bëllegen Deeg ze verstoppen?

Dann d’Relatioun Präis-Gewiicht: d’Chrëschtkaddoe gi deier genuch, do muss de Boxemännchen net och nach e Lach an de Portmonni bäissen, an et soll eppes gi fir seng Kröten. Sexy soll e sinn, a richteg kräfteg, ma bezuelbar.

*

Hei eise Ranking:

De Bäcker Cathy Goedert huet déi beschte Boxemännercher vu Lëtzebuerg 2016!

#1 Cathy Goedert

#2 Oberweis

#3 Yolande

#4 Les délices du moulin/ Fischer

#5 Hoffmann

#6 Cactus Bakstuff

#7 Zeimes

#8 Auchan

#9 Arens

#10 Made by Dan

De ganzen Detail fannt dir hei:

De beschte Boxemännchen 2016

*

*

*

***

photo-08-11-2016-07-19-39

 *

TOP10 N°11: Dat beschte Quetschekraut vu Lëtzebuerg 2016

Ass et net eppes wat mer all gären hunn a verfluchen? D’Quetschekraut! Gären hu mer et wann et säfteg op der Schmier oder dem Jughurt ass, verfluchen doe mer et wann et aus dem wäissgepudderte Berliner op eisen neie flotte wäissen T-Shirt drëpst. Quetschekraut ass bal ewéi Gebeess, just dat manner Zocker a méi Fruucht, hei Quetschen, dra sinn. Dann ass et nach immens laang gekacht, oft vun alen (ma immens interessanten) Dammen am Amiperas-Club am verbrannte Koffer-Dëppen, oder vu jonken zackegen Hären aus dem Volley-Veräin vum Duerf. Ëmmer manner gëtt es gekacht, wëll där Quetsche per Hand opmaachen, dorobber huet kee méi Loscht, an dat stonnelaangt Réieren ass nawell ustrengend, ma dach ass et einfach eng Lëtzebuerger Institutioun, an déi mer gären all eis Quetschen investéieren.

Mir waren uechtert d’Land bei d’Clibb d’Quetschekraut testen, an et war erëm net einfach. Allmënsch verpaakt et anescht, déi eng maache Lakritz oder schwaarzen Schockela dobäi, déi aner loossen et ze laang kachen an dann ass et wéi Goudron vun der Ponts et Chaussée, bei deenen aneren ass et ze leefeg, bei verschiddene waren d’Quetsche sauer oder de Kach onheemlech verléift, jo et ass nawell Charakter an deene Quetschekraider.

*

Duerfir hei eis Critèren:

D’Konsistenz wann een et kuckt, wëll no der Murphy’s Law fält d’Schmier jo ëmmer op déi ongënschteg Säit. Duerfir muss d’Quetschekraut och zimlech fest sinn, an net wéi der Bomi’ hire Jelli ronderemrutschen, ma fest am Suedel sëtzen. Dono hu mer d’Konsistenz am Mond geschmaacht: zersetzt et sech wéi eng Britt, schmëlzt et schéi propper um Gomm, oder ass et carrement fest wéi eng Schokotoff? Dat schwieregst dono: d’Zocker-Quetschen Harmonie. Déi Clibb déi sech et einfach maachen retten sech mat enger Palett Zocker am Kraut, déi raffinéiert Kraut-Experten kréien awer e perfekten Ekiliber hinn, tëscht séiss an Quetschen-Seier. Schlussendlech geet et awer em déi mauve Madame, d’Quetsch, an duerfir war de véierte Kritäre de Quetschgeschmack: ass et där sauerer aus dem Billig-Markt, oder waren et där richteg fetter zeideger Quetschen aus dem Bopi sengem Bongert, wou d’Saaft scho sou richteg erausgelaf ass?

*

Hei eise Ranking:

Den AB Contern huet dat beschte Quetschekraut 2016 vu Lëtzebuerg.

#1 AB Contern

#2 Ellenger Quetschefest

#3 Menster Quetschefest

#4 Quetschekraut Harmonie Harel

#5 Grevenmacher

#6 Keespelter Quetschefest

#7 Beetebuerg Musek

#8 Sportfescher Nidderkuer Quetschekraut

#9 BBC Mamba Quetschekraut

#10 Niederanven-Gaart an Heem

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

 Dat beschte Quetschekraut vu Lëtzebuerg 2016

*

*

*

image2

TOP10 N°10 : Déi beschten hausgemaachte Vanillsglace 2016 aus der Stad !

Mega waarm, mega sonneg, mega glëschtereg: do däerf eng gutt Boule Vanillsglace net fehlen fir mat der hongereger Zong drun ze lecken. Mir sinn duerch d’Stad gezunn an hu bei den traditionellen Haiser a bei den neien It-Stores no enger hausgemaachter Boule Vanill’s Glace am Becher gefrot. Wéi ëmmer war et net einfach fir eng richteg hausmaacher Glace ze kréien, bei de meeschte krute mer dëst ze héieren : “on laisse produire en France” oder “je sais pas mais c’est pas fait ici”. Mir hu mol kéng 10 fonnt, also e grousse Respekt fir all déi Geschäfter déi wierklech selwer Glace maachen. Hei kënnt der liesen wou et dat killt zéckeregt hausgemaachten Gold mat der leckerster Vanill gëtt!

*

Duerfir hei eis Critèren:

D’Ausgesinn, well keen huet Loscht an en Stéck groe Gips ze bäissen… muss schonn no Vanill’s-Crème ausgesinn. Hei geet et da vu wäissem Styropor-Schaum-Look bis zu Pippi-Faarf Giel. Dono de Geschmaach, op d’Glace am Mond just e Gaapse vun der Zong auswierkt oder ob ee wierklech mengt dat een d’bottereg Ram vun der Koumëllech, d’räicht Eegiel aus dem Héngerstall an d’Vanillsstaang aus dem herrlechen Madagaskar als ideal Harmonie am Mond hätt. De Vanill-Geschmaach war eis och wichteg: vill Vanill’s-Glace schmaache just no kaler Mëllech, bei aneren kann ee quasi op d’Vanillkäre bäissen an dee ganz gourmangseg-intensiven Vanill-goût verzaubert een an d’Paradies. Dann d’Konsistenz: och hei si verschidde Glace wéi wann ee Papier-Maché am Mond hätt, et fält auserneen, et ass net crèmeg, jo et ass en Desaster op der Zong, während eng gutt konsistent Boule wéi eng häerzhaft Crème zesummepecht a lues a lues um Gomm schmëlzt wéi e Stéck Äis um waarme brongebrannte Kickes. De Präis hu mer och gekuckt, a wéi ëmmer geet et du Simple au Double, vun 1.50 € pro Boule bis 3 € pro Boule an de Fashion-Boutikker.

 *

Hei eise Ranking:

Den Oberweis huet déi beschten hausgemaachte Vanill’s Glace 2016 an der Stad!

#1 Oberweis

#2 Schumacher

#3 Bargello (Speziale Bravo fir déi aner kreativ Goût’en)

#4 Namur

#5 Bonomeria

#6 Veneziano

#7 Arens

#8 Cathy Goedert

Speziell Dedicace fir de Kaempf-Kohler wéi mer se gefrot hu wien déi beschte Glace hätt : « Mir haten ëmmer déi bescht aus der Stad, ma elo ma mer kéng méi!”.

Speziell Dedicace och fir de Fischer: “ça vient de Pole Sud en France”. Déi sinn emol éierlech.

*

 De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschten hausgemaachte Vanillsglace 2016 aus der Stad !

*

*

*

Photo 21-06-2016 08 31 27

TOP10 N°9: De beschte Blanne Jang vu Lëtzebuerg 2016

Fir déi meescht ass e wéi e Kléiblat mat véier Blieder um Grill: de Blanne Jang. En ass extrem selten, meeschtens sinn se schonn all gefrupst, oft huet keen beim akafen dru geduecht, ma all wëllen se en hunn. Eng lecker Wurscht, mat guddem Kéis a deftegem Speck ronderëm. Um Grill eng richteg Plo, wëll fir e propper ze dréien a goldësch ze brode brauch een héijer Grill-Diplomer- oder et muss een mat enger Grill-Zaang bestuet sinn-…a vill Rosé. Et gëtt e just zu Lëtzebuerg, an d’Provençale huet 2014 souguer den Numm schütze gelooss…dat heescht just si däerfen de Blanne Jang nach Blanne Jang nennen. Mir wore bei 25 Metzler uechter d’ganz Land, fir dës Grill-Delikatesse ze sichen. Bei belsche Supermarchés’ Chaîne krute mer verzielt et hätt nach ni een dono gefrot, bei de klassesche Metzleren krute mer en direkt, bei anerer krute mer e live gemaach, jo et ass e bëssi komesch em e gestalt, ma sou ass dat mat sou Wippercher am Speckemantel mat Kéisfëllung. Eng Dräifaltegkeet fir op d’Kuel.

Mir mussen zouginn dat d’Blanne Jang Teste bis elo dat schwéierst wor wat mer getest hunn, wëll de Blanne Jang sech op eng langweileg klassesch Wurscht (Wiener Würstchen) baséiert, de Kéis selten immens gutt ass, de Speck leider oft zevill fetteg ass….an dëst Zesummespill vu Fett, Fleesch a Loscht um Grill zwar heiansdo zu eppes Wonnerbares gëtt, ma no méi wéi zwee Stéck huet een es awer méi wéi genuch.

*

Duerfir hei eis Critèren:

De Look nom Grillen: bei verschiddenen Wuppen hängt nom Grill alles wéi bei alen Dammen, bei de gudde Wuppe sëtzt alles schéi straff…an et gluckst ee vu Loscht. Och dru geroch hu mer: bei verschiddene Wuppen duecht een déi géife scho Méint an der Vitrine leien, bei deenen aneren huet een d’Schwäin (an d’Crémière) nach richteg grunzen héieren. Dann d’Harmonie vun Wurscht, Kéis a Speck am Mond: entweder zevill fetteg-schwabbelege Speck-Effekt, oder e leefegen-papegen Kéis-Inferno, oder iwwerdimensional dréchene Wurscht-Power, am ideal Fall awer e perfekt Zesummespill vun deenen dräi Sensatioune fir eng dräifach-phantastesch Blanne Jang Experienz. Am Wichtegsten: de Goût am Mond: vun Autos-Pneu Geschmaach ouni Gefill bis hin zu der perfekter Wurscht Extase mat Kéis-Orgasmus um Gomm wor alles dobäi. Och de Präis ass wichteg, wëll mir wëlle jo Blanne Jang fir all Mënsch, an net nëmmen d’Barbecue-Elite vum Baggerweier. Hei goung et vun 10,90€ de Kilo bis bei 25,60€ bei de schicke Metzlere vum Belair.

 *

Hei eise Ranking:

De Blanne Jang vum Cactus konnt eis all am meeschten iwwerzeegen, duerch säin typege blanne Look, säin ausgeglachene Goût, a säi ganz agreabele Präis fir dës dach aarbeschtsintensiv Grillwurscht.

#1 Cactus

#2 Metzlerei Bei der Bréck (Differdange)

#3 Steve Kappler (Cessange)

#4 Emo

#5 Provençale

#6 Hans Wirth (Ettelbruck)

#7 Scharpantgen (Junglinster)

#8 Alves (Differdange)

#9 Krack (Hesperange)

#10 Meyrer Roby (Bonnevoie)

*

 De ganzen Detail fannt dir hei:

De beschte Blanne Jang vu Lëtzebuerg 2016

*

*

*

Foto

TOP10 N°8: De beschte Lëtzebuerger Pinot Gris 2016 op der Fréijoersfoire (Cuvée 2015)

Wat fréier de Rivaner wor ass haut de Pinot Gris, de Lëtzebuerger hiren neie Liiblingswäin, fei sauer, sprëtzeg frësch, kribbeleg op der Zong, ideal beim Grillen, beim Fësch, an och soss am Dag, richteg gutt sëffeg wann e knackeg kal zerwéiert gëtt, mat sengem feinen erdegen miseler Aroma a senger flotter gëllener Faarf.

Mir woren op d’Fréijoersfoire 2016 ënnerwee, an hu bei iwwer 30 Kellereien jeeweils all Pinot Gris “Grand Premier Cru” geschmaacht, deen am präiswäerteste wor. Mir hunn ronn 70 Pinot Gris’e geschmaacht, a mir kënnen iech soen: mir wore gutt dono. Direkt firwech: wat de Stand méi doll wor, wat de Wäin net onbedéngt sou doll wor. Oft woren déi kléng Kellereien mat ënner 3 Hektar méi raffinéiert am Goût, manner ralleg op eng AOP oder GPC Appellatioun wéi déi aner, a méi interesséiert u feiinstem Drauwesaaft an net nëmmen Palette Fläsche verkafen. Bei ville Wënzer wor d’Lies 2015 grad eréischt an de Fläschen, an duerfir nach net genuch geräift. Ma allmënsch hat eppes fir eis parat.

*

Eis Critèren:

D’Saier am Wäin: vun infektem Zitroune-Saaft mat Scheiwe-Wäschmëttel-Potenzial wou de Mond sech zesummenzitt wéi en aalt Bomis’Gesiicht an d’Zong sech opléist bis hin zu enger perfekter Balance vun der typescher Pinot Gris Saier déi lëschteg mëscht mat liicht séissen Nouten. Dann de Goût, dee vu brav-latzegem Kachwäin bis hin zu engem Freedefeier…nee…engem Päipeldéier op Extasy vu Variatiounen um Gomm an an der Nues geet, a wou een den Äerdgeroch vun der Rief an d’Loft vum Wéngert quasi an der Nues huet. Och de Präis wor interessant, och wann ee soe muss dat bal all Pinot Gris em déi 9 Euro kascht, an e Bio Pinot Gris fir ronn 12 Euro ze kréien ass. Als gudder Läscht hu mer den Accueil um Stand och nach considéréiert, well déi Léift an Opmierksamkeet déi een als potenzielle Client (mat vill Duuscht an nach méi Loscht) geschenkt kritt sécher och am Glas ze fannen ass!

*

Hei eise Ranking:

D’Caves Linden-Heinisch hunn de beschte Pinot Gris 2016 vu Lëtzebuerg (Récolte 2015) mat der Cuvée “Hütte”. En zimlech knackegen a klasseschen Pinot Gris, deen awer duerch seng Intensitéit, Kloerheet am Goût an dem sympathesche Wënzer allmënsch iwwerzeege konnt.

#1 Linden-Heinisch “Hütte 2015”

#2 Caves Albert Berna-Ley “Goellebour 2015”

#3 Bernard-Massard “Clos des Rochers Grevenmacher Fels”

#4 Steinmetz-Duhr “Classique 2015”

#5 Caves René Bentz “Bech-Macher Jongeberg 2015”

#6 Krier-Bisenius “Foulschette 2015”

#7 Domaine Mathes “Sélection du domaine 2015”

#8 Dom. Viticole Schumacher-Lethal “Wormeldange Elterberg 2015”

#9 Krier Welbes- BIO “Foulschette”

#10 Ley-Schartz Ahn “Ahn-Vogelsang-vieilles vignes”

 *

De ganzen Detail fannt dir hei:

Top10 Pinot gris

*

*

*

Photo 16-03-2016 02 27 23 (1)

Top10 N°7: De beschte Lëtzebuerger Bamkuch 2016!

Bal wéi d’Bouneschlupp, de Kuddelfleck oder de Kachkéis ass dëse Kuch e Lëtzebuerger Nationalsymbol.

Obwuel anscheinend d’Rezept aus Éisträich kënnt, an och d’Japaner de Bamkuch als hiren Elite-Kuch consideréieren, sou ass en an eiser nationaler Identitéit verwuerzelt wéi keen aneren Dessert. All Kand kennt en, all Famill huet hire bäschte Bamkuch, et gëtt e fir Kanddafen, Kommuniounen, Hochzäite, Pacs-Party’en a Scheedungs-Party’en, an normalerweis gëtt d’Famillje-Bamkuchreferenz un d’Kanner weiderginn…well schlussendlech ass ee jo iwwerzeegt dat “eiser Famill” hire Kuch dee beschten ass….ma domadder ass vläit haut Schluss.

Mir wore bei 19 Bäcker wou mer Bamkuch kruten, an mir wore paff dat se quasi all zimlech anescht ausgesinn a schmaachen. Dëst ass halt esou well de Bamkuch ee vun de rare Kuchen ass deen 100% manuell hiergestallt muss ginn. An duerfir ass en all Bäcker seng Ënnerschrëft. Bei ville Bäcker kann ee leider net just e Kranz kafen, ma just e ganze Kuch, do hu mer da misse passen. Bei engem Duerchschnëtts-Präis vun 60€ de Kilo verwonnert dat wuel keen. E franséische Bäcker vu Gaasperech wosst souguer net wat e Bamkuch wier. Hei drënner kréien d’Hochzäitsnaschkaatzen endlech gesot wou si hire beschte Bamkuch bestelle kënnen!

*

Eis 5 Critèren :

D’Ausgesinn, well op grousse Feieren ass de Bamkuch d’Pièce-maîtresse, do muss alles sëtzen a glënneren, a schéi brong gebak sinn, mat den dënne Réng, fir dat d’Aen grouss ginn an d’Zongen um Buedem hänken, well keen huet Loscht op en langweilegen, blatzegen Dildo!

Dann den Zockergoss, fir dat dat ganzt schéi frësch bleift a glënnert: do geet et vun knéckegem Patissier ouni Zockergoss bis zu Zocker-inferno, wou een d’Hänn bal net méi vum Kuch kritt sou pëscheg ass déi Affär.

Och d’Konsistenz am Mond wor wichteg. Mir hunn eis 19 Kucken sou dënn geschnidde wéi Pobeier mam Kichemesser, an och an deem Zoustand muss de Kuch perfekt sëtzen: hei geet et vun Stëbswollek a Grimmel-Alarm iwwer herrlech bessfest mat Charakter bis hin zu Knätschgummi deen um Gomm peche bleift.

Als wichtegste Critère hu mer de Goût geholl, an och hei huet ee gespuert wéi vill Zocker, Zitroun, Rumm oder Cognac dra wor: et goung vu papegem geschmackslosen Paangechersdeeg aus der Fabrik bis hin zu engem Dram vu kubaneschen Rumm-Nouten, liicht zitronéiert, mat feinstem Sucre de canne vereedelt a wéi vun Engelchershand am Himmel gebak.

Zu gudder läscht hu mer de Präis gekuckt (op déi effektiv, an net déi affichéiert, Gramme gerechent), obwuel mer der Meenung woren dat ee fir déi wichteg Deeg am Liewen selte spuere wëll, ma wann et déi 3. oder 4. Hochzäit ass, kann et virkommen dat ee muss op de Frang kucken.

*

Hei eise Ranking :

De Bäcker Hoffmann vu Bouneweg huet de beschte Bamkuch 2016 vu Lëtzebuerg (jo, och deen deen dir iesst ass zanter Generatiounen gutt, ma dësen ass am Blind-Test halt dee beschten).

#1 Patisserie-Boulangerie-Confiserie Hoffmann (Bouneweg)

#2 Cactus-Schnékert (Wandhaff)

#3 Peschong (Biwer)

#4 Grevig (Luxembourg)

#5 Gerard Cayotte (Esch-Alzette)

#6 Arens (Luxembourg)

#7 Fischer

#8 Mosella

#9 Oberweis

#10 Namur

 *

Eis speziell Mentiounen :

* De schéinste Bamkuch huet eiser Jury no de Cactus-Schnékert.

* Den deierste Bamkuch huet de Christian Schumacher, mat 76,57€ pro Kilo. De Cactus-Schnékert mat 41,91€ pro Kilo ass am gënschtegsten.

* Déi witzegst Goût’en hate Mosella (do ass d’Amaretto-Fläsch dragefall), de Christian Schumacher (mat extremem Kanéil-Kuch) an den Arens mat intensiivstem Rumm Goût.

* Komeschste Bamkuch huet de Scott vu Gaasperech, deen zimlech “speziell” wor ;-). Do misst vläit emol um Rezept gedréint ginn.

 *

De ganzen Detail fannt dir hei:

Top10 Bamkuch

*

*

*

picture

Top10 N°6: Déi beschte Lëtzebuerger Verwurrelter 2016!

Kee weess op de Bäcker deemools eppes net vergiesse wollt, ma en huet alt mol e Knuet an den Deeg gemaach, a sou sinn dann fir d’Fuesent d’Verwurrelter entstanen, an dat natierlech just zu Lëtzebuerg.

Et ginn 2 Reliounen: déi eng maachen se mat Hiefdeeg, fir eng locker-lëfteg Sensatioun, déi aner mat pâte brisée (Mürbeteig) fir eng méi heavy Experienz. D’Puristen maachen se ouni spezielle Goût, an d’Naschkazen mat e bëssi Rumm.

Op jidder Fall ass een nom Naschen gutt mat Pudder- oder Kristallzocker besaut. Mir woren dëse Méindeg kucke ween Verwurrelter huet: déi Glamour-Stack-Stater Bäckeren haten natierlech entweder zou (Cathy Goedert) oder keng frësch méi (“Méindes hu mir där keng”, Namur). All auslännesch Chainen hunn domm aus der Wäsch gekuckt (“Des noeuds? Faut que je me renseigne…”, Delhaize, Auchan,…). Bei 18 Bäcker hu mer der awer fonnt. Hei kann all Gourmang elo liese wou et dann déi bescht ginn!

*

Eis 4 Critèren :

D’Ausgesinn, well ëm Fuesent huet een zwar gären geckeg Saache, ma e Knuet soll awer wéi e Knuet ausgesinn, an dat mat Formen, mat Relief, schéi propper, frittéiert, an net wéi e grimmleche Muppekack, net wéi e granzege Bierg Deeg, net wéi e blatzege Beignet oder en ondefinéierbart Spaghettismonster!

Dann d’Konsistenz am Mond, well de Verwurrelte soll engem jo op der Zong zergoen: do geet et vun Knachen-dréchen mat Sahara Feeling oder fetteg-schweesseg bis zu frësch-gemaach mat Wolleke-Romantik déi um Gomm zerginn wéi e Stéck Loft.

Dann natierlech de Goût, wëll wéi ëmmer soll et Loscht op méi ginn: vu ranzeg-alem Fouer-Fritte-Fett Geschmaach bis hin zu extrem recherchéierten Rumm-Lime Nouten, subliméiert mat der Quintessenz vun frëscher Ram vum Lëtzebuerger Bauer.

De Präis hu mer och gefrot an op déi effektiv (an net déi affichéiert) Gramme gerechent, an am Ländche geet et fir dës Spezialitéit vun 20 bis 53 Euro de Kilo. Also opgepasst wann der de Portmonni opmaacht, schneeke kann an d’Geld goen.

*

Hei eise Ranking:

Au Pain de Mary huet déi beschte Verwurrelter 2016 vu Lëtzebuerg, an och déi zweetbescht!

#1 Au Pain de Mary (Gaasperech), pâte brisée

#2 Au Pain de Mary (Gaasperech), Hiefdeeg

#3 Arens

#4 Oberweis

#5 Rieffer

#6 Brisbois

#7 Geckege Bäcker Gerard

#8 Cactus

#9 Mosella

#10 Drebenstedt

 *

Eis speziell Mentiounen:

* de Cactus fir déi bëllegst (20€/kg) an den Arens fir déi deierst (53€/kg) Verwurrelter.

* den Yves Rieffer fir déi schéinste Verwurrelter vu Lëtzebuerg

* au Pain de Mary fir den zweete Präis no der beschter Aachtchen vu Lëtzebuerg. Dëse jonke franséische Bäcker, dee vu Reims op Lëtzebuerg geplënnert ass fir bäi seng Fra Mary ze kommen, beräichert schonn eise Lëtzebuerger Bäcker-Universum. Do kënne puer al Agesiessener sech méi wéi eng Scheif ofschneiden.

* de Schumacher fir den extremsten Zitroune-Goût. Do huet wuel een Zitrounen-Täertercher gemaach virun de Verwurrelter!

* folgend Butteker haten (nach) keng Verwurrelter oder woren zou Méindes: Table du pain, Christian Schumacher, Namur, Strasser, Auchan, Fournée Luxembourgeoise, Yolande, Sand fred, Cathy Goedert

 *

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Verwurrelter

 *

*

*

Photo 26-11-2015 21 53 16

TOP10 N°5: De beschte Glühwäin vum Krëschtmaart 2015 an der Stad!

Glühwäin…dat sakraalst Gedrénks vun all Chrëschtmaart. Ma sou sakral alt och net, wëll de meeschte Glühwäin dee mer geschmaacht hu wor einfach nëmmen opgewiermt, an net selwergemaacht. Op dem Chrëschtmaart 2015 vun der Stad Lëtzebuerg gëtt et ronn 15 Glühwäin-Stänn, ma et kann een nëmmen 10 verschidde Glühwäiner drénken, wëll oft vill Buden deem nämmlechte gehéieren, a vun deenen 10 Glühwäiner sinn der dann nach eng 3 Stéck vu Vinsmoselle, déi awer vun de Buden « verfeinert » ginn. Wat alt erëm kloer ass dat déi mam schéinste Stand meeschtens de sabbelegste Glühwäin hunn…a mir soen iech elo wou et dann dee beschte gët !

*

Eis 2 Critèren :

De Geroch, well am kale Wanter zappt ee seng zaart Niesche gären déif an d’Taass fir an de Genoss vum Christmas-Feeling ze kommen (vun platt-sabbeleg mat Détergent’s Lëftchen bis herzlëch-würzeg-beschwippsend) an de Geschmaach…well et soll jo Loscht op méi ginn ! ( vu chémësch-artifciellen Détergent’s Geschmaach op raffinéiert-feireg mat zaarten Kanéil, Orange, Gewürznelken an Anis-Aromaen).

De Präis wor kee Critère, well all Glühwäin 3.5€ kascht.

*

Hei eise Ranking:

Den Coné huet de bäschte Glühwäin vum Krëschtmaart 2015 an der Stad!

#1 Coné (vis-à-vis vum Quick, Plëss), selwergemaach

#2 Kugener (Gëlle Fra), vu Vinsmoselle ma verfeienert

#3 Goldener Stern (Gëlle Fra), ass vu Vinsmoselle ma verfeinert

#4 Crêperie Bretonne (Gëlle Fra), selwergemaach, franséischt Rezept

#5 Marrons chauds- Lokomotiv (Plëss), huet deen nämlechte Glühwäin wéi déi 2 grouss « Glühwäin »- Stänn op der Plëss

#6 Winter Café – Rezept « Maison » (Knuedler, bei der Äis-Pist)

#7 Pyramide (Gëlle Fra), ass waarmgemaachte Nürnberger Glühwäin

#8 Chalet du Père Noël (Gëlle Fra), anscheinend selwergemaach

#9 Winter Café – Rezept « Luxemburger » (Knuedler, bei der Äis-Piste)

#10 Luxemburger Glühweintreff (Gëlle Fra), ass aus Vakuum-Päck aus der Zaap, 100% industriel, à éviter

 *

Eis speziell Mentiounen:

* den Coné, fir déi léifsten Dammen déi – zu Recht – stolz op hire Glühwäin sinn

*de Kugener, wëll en déi flottste Lounge huet, an de Glühwäin sou schmaacht « wéi e soll »

* d’Crêperie Bretonne, fir de komeschste Glühwäin mam meeschte Charakter, an d’Madamm ass immens fein

* de Luxemburger Glühweintreff, fir dat bescht Standkonzept ma den industriellste Glühwäin

* de Winter-Café bei der Äis-Pist um Knuedler : deen huet e pathetëschen Luxemburger Glühwäin (dat ass einfach waarme roude Wäin mat masseg Zocker) an en ulkegen « Glühwäin Maison » (dat ass och roude Wäin, ma mat enger Tonn Kanéil an 2 Tonnen Zocker).

* Mention spéciale du Jury : den « waarmen Apel » vum Café « beim Reenert » : en eenzegaartege waarme Mariage tëscht ugesatenem Bratapfel a Lëtzebuerger Viz, einfach nëmme gutt.

 *

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 bescht Glühwäin vum Krëschtmaart 2015 an der Stad!

 *

*

*

rieslingspaschteit

TOP10 N°4: Déi beschte Lëtzebuerger Rieslingspaschtéit 2015!

Rieslingspaschtéit ass net Rieslingspaschtéit! Dat hu mer gemierkt wéi mer bei iwwer 26 Butteker dëse Lëtzebuerger National-Plat kaaft hunn. Fir et direkt ze soen : bal 30% vun de Paschtéite gi vun engem Produzent gemaach an dono bei etlech aner Firma’e geliwwert a verkaaft. Iergendwéi muss déi Rieslingspaschtéit wuel ganz schwiereg ze ma sinn, oder? Et ass effektiv e bëssi de Lëtzebuerger Hamburger, an un hier erkennt een déi richteg Expertise an Handwierkskonscht vum Fabrikant. Mam delikaten Zesummespill vun Ausgesinn, Gelli, Fëllung an Deeg fält a steet all Rieslingspaschtéit. Mir (an dir och) wësse lo endlech ween déi beschten am Ländche mecht!

 *

Eis 5 Critèren:

D’Ausgesinn, well als klasseschen Aperitifs-Kascht um sëlwere Plateau vun der Bomi muss d’Paschtéit vum Look hier iwwerzeege kënnen (vu knackeg bronggebak mat dezenter Sträifenoptik a perfekt-geformtem Gellis-Lach bis zu krommgerodenem Wurscht-Look mat ellener Tankstelle-croissant-Ästhetik); de Fleeschgoût (vu raffinéiert-gewierztem Patés-Goût bis zu mat rëffege Fett-Kniet duerchwuessenem Hondsfudder), de Gelli (vum zaart-feste Jelli mat Grand-Premier-Cru Rieslings-Geschmaach bis zu schwabbelegem Gelatine’s Gebrösel mat Waasser-Goût), Deeg (vu festem Bliederdeeg mat Charakter bis zum industrielle Papier-Maché’s Mix ouni Léift), an dat ganzt nach zu 1/6 ponderéiert mam Verhältnis Gewiicht/Präis (wou kréien ech am meeschten op den Teller fir déi mannsten Euro’en).

*

Hei eise Ranking:

Den Oberweis huet déi beschte Lëtzebuerger Rieslingspaschtéit 2015!

*

#1 Oberweis (Stad)

#2 Winandy (Kalchesbréck), och Fournisseur vum Fischer/Panelux/Match, an also de Lëtzebuerger Fournisseur fir Rieslingspaschtéiten!

#3 Auchan (gëtt vun der Provençale beliwwert)

#4 Maison Kirsch (Eischen)

#5 Emo, ass Cobolux (Stad)

#6 Boucherie Krack (Stad)

#7 Pain de Mary (Bouneweg)

#8 Fischer (= Winandy ma e puer Deeg méi al)

#9 Kaiffer (Stad)

#10 Kaempff Kohler (Stad)

*

Eis speziell Mentiounen:

* den Emo, fir déi schéinsten Rieslingspaschtéit.

* d’Schluechthaus zu Ettelbréck (gëtt anscheinend vun der Provençale beliwwert), mat enger Paschtéit déi méi no Salami wéi no Paté schmaacht.

* de Krack, fir de beschte Fleesch-Goût (do mierkt ee wou d’Farce mat Léift gemaach gëtt)

* de Kirsch, fir beschten Deeg-Geschmaach.

* den Niessen (anc. Oswald) fir déi gréisste Rieslingspaschtéit (183 Gramm!) vs den Osweiler mat der klengster Paschtéit (120 Gramm).

* den Auchan fir déi bëllegst Rieslingspaschtéit (2,20€)…déi kënnt vun der Provençale. Op enger Shell-Tankstell kritt een déi nämlecht Paschtéit fir 3.5€! Wucher.

* Véi vum Séi, fir déi deierst Rieslingspaschtéit (5,30€) vu ganz Lëtzebuerg. Méi wéi duebel sou deier wéi den Auchan.

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Rieslingspaschtéit

*

*

*

Photo 24-08-2015 16 11 06

TOP10 N°3: Déi beschte Fritten op der Fouer 2015!

15 Frittestänn op der Fouer hu missen dru gleewen! Mir hunn op all Stand eng Portioun Fritten kaaft a fir iech geschmaacht, mat an ouni Sauce.

 *

Eis 5 Critèren:

D’Portioun an de Prais, well mir wellen jo och eppes fir eis Suen, d’Ausgesinn, well d’Aen ësst jo mat, d’Knuspregkeet an d’Fettegkeet (knuspreg brong oder schwabbeleg-fetteg), an de Geschmaach (schmaacht een dass d’Fritt vun enger Gromper kennt a besse würzeg ass, oder ass se fad a sabbeleg)

Mir si bei d’Frittestänn gang, do wou een Fritten an der Barquette oder am Cornet kritt fir mat op de Wee. Eng gutt Rëtsch Restaurant’en sinn dofir net getest ginn!

*

Hei eise Ranking:

De Joselet huet déi beschte Fritt op der Fouer 2015!

*

#1 Friture Joslet

#2 Chez Arthur

#3 Chalet au gourmet

#4 Chez Vincent

#5 Grill Miam Miam

#6 Grillpalast

#7 Restaurant Kugener (B2)

#8 Schwarzwald Christel

#9 Snackbar Mathieu (Nicolas)

#10 Beim blanne Jang

#11 Grill Bar Rond

#12 Schwarzwaldhaus

#13 Choucroute

#14 Le p-tit gros

#15 La Chaumière

*

Eis speziell Mentiounen:

* D’Fritten vum Grill Miam Miam gesi richteg hausgemaacht aus

* Beim Vincent ass d’Portioun Fritten richteg grouss

* Bei der Snackbar Mathieu ginn et 12 verschidden Saucen zur Auswal

* Dem Joselet séng Fritten, an dem Kugener seng Fritten, sinn déi énzeg Fritten déi net 3€ mais 3,5€ kaschten

* D’Fritten vum Kugener (B2) sinn déi énzeg Fritten déi am Cornet zervéiert ginn

* D’Fritten vum B2 sinn déi nämlecht wéi déi vum Kugener

* D’Fritten vum Arthur, Vincent, Grill Miam Miam an Joselet sinn hausgemaacht

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Fritten

*

*

*

TOP10 N°2: Déi beschte Lëtzebuerger Grillwurscht 2015!

25 Metzleren aus dem ganze Ländchen hu missen dru gleewen! Iwwerall hu mer eng klassesch Lëtzebuerger Grillwurscht kaaft, och nach fréier Thüringer oder Luxringer genannt. Mir wollten einfach wësse wou mer hi misse fir dee beschte Wupp fir op de Grill ze fannen. 24 Wuppen krute mer, an déi hu mer mat klassëscher Kuel dobaussen um Feier gegrillt, an dono ouni Moschtert weder Brout getest, an zwar blann: wéi ëmmer wosste mer bis zum Schluss net wéi e Wupp vu wéi engem Metzler géif kommen.

Eis 5 Critèren:

d’Ausgesinn nom Grillen, well d’Aen ësst jo mat (schéi bronggebrannt oder bleech-geraddereg), de Geroch (frësch a würzeg oder faul a ranzeg), d’Konsistenz op der Forschett an am Mond (knackeg-lëfteg oder schwabbeleg-fetteg-bröseleg), de Geschmaach (raffinéiert a gehäerzt oder fad a sabbeleg), an dat ganzt nach zu 1/5 Gewiicht mam Präisleeschtungsverhältnis (wou kréien ech am meeschte Wuppe wann ech mat 10 Euro an de Buttek ginn).

*

Hei eise Ranking:

Den Emo (och nach als Cobolux bekannt, ma mir hunn eise Wupp an engem Emo kaaft) huet déi beschte Lëtzebuerger Grillwurscht 2015!

*

#1 Emo (Stad)

#2 Cactus (Bartreng)

#3 Goedert (Groussgaass Stad)

#4 Wagener (Gare Stad)

#5 Ferreira (Esch)

#6 Niessen (anc. Oswald) (Belair Stad)

#7 Steffen (Stengefort)

#8 Berg (Groussgaass Stad)

#9 Clement (Mondorf)

#10 Steffen, zweet Zort (mat Kümmel) (Stengefort)

*

Eis speziell Mentiounen:

*  D’Metzlerei Kaiffer, fir de Culot ze hunn am August, der Haaptgrillsaison zu Lëtzebuerg, einfach mol Congé Annuel ze mäen.

* De Kaempf-Kohler, fir de Culot ze hunn keng Grillwurscht unzebidden.

* De Wagener (Gare) fir de Wupp mam intensiivste Kümmel Geschmaach.

* De Meyer (Bascharage) fir de Wupp deen am mannsten no Thüringer schmaacht ma immens no Salami (huet do een d’Rezept vertosch?)

* De Meyrer (Bouneweg) fir de Wupp dee méi wéi Curry-wurscht wéi no Thüringer schmaacht. Wor do een zevill zu Berlin ënnerwee?

* Den Auchan (Kierchbierg), fir de Wupp dee bäi wäitem am fettegsten ass.

* De Brill (Bouneweg), deem säi Wupp anscheinend “an der Provencale mat eisem Rezept gemaach gëtt”.

* De Kappler (Zéisseng), deem säi Wupp um Grill am komeschsten ausgesäit.

* Den Auchan, fir de bëllegste Wupp (6,8€ pro Kilo Wupp), also schlecht ma bëlleg.

* Den Niessen (anc. Oswald, Belair), fir den deierste Wupp vu Lëtzebuerg (20,10€ pro Kilo Wupp), also gutt ma saudeier.

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

 TOP10 Grillwurscht

*

*

*

15_16

TOP10 N°1 : Déi beschten Aachtche vu Lëtzebuerg 2015 !

*

Bei iwwer 20 Bäckereien si mer gaangen, fréi mueres, incognito, an hunn do iwwerall eng frëschgemaachten Aachtche kaaft. Och bei grouss Supermarché’e wore mer – Haaptsaach d’Aachtche gouf zu Lëtzebuerg hiergestallt.

Eis Critèren :

de Pudding, den Deeg an d’Ausgesinn.

*

Hei eise Ranking :

« Au Pain de Mary » zu Gaasperech huet déi beschten Aachtche vu Lëtzebuerg 2015 (ënnert de Critèren Pudding / Deeg / Ausgesinn)

*

#1 Pain de Mary

#2 Oberweis

#3 Namur

#4 Schumacher

#5 Obry

#6 Cactus Bakstuff

#7 Auchan

#8 Drebenstedt

#9 Yolande

#10 Mosella

*

Eis speziell Mentiounen :

* Au Pain de Mary (Gaasperech) : speziell Mentioun fir déi schéinsten Torsade – mat léift gemaach

* Oberweis (Lëtzebuerg) : schéinste Pudding-Vanille Look !

* Schumacher (Mondorf) : déi schéinsten Aachtche vu Lëtzebuerg, ma och déi klengsten (72g versus 113g am Duerchschnëtt) !

* Berto (Déifferdeng) : déi artisteschst Aachten – einfach geckeg.

* Table du Pain (Lëtzebuerg) : déi gréissten Aachtche vu Lëtzebuerg (231 g versus 113g am Duerchschnëtt)

* Arens (Belair) : déi deierst Aachtche vu Lëtzebuerg (1.60€ vs 1.32€ Duerchschnëtt)

* Cactus (Lëtzebuerg) : déi präiswäertst Aachtche vu Lëtzebuerg (0.85€ vs 1.32€ Duerchschnëtt)

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Aachtchen

*

Déi nächsten TOP10 vu Lëtzebuerg :

TOP10 N°4 : déi beschte Rieslingspaschtéit vu Lëtzebuerg

TOP10 N°5 : de beschte Glühwäin um Kreschtmart

TOP10 N°6 : de beschte Cordon bleu crème champignons vu Lëtzebuerg

TOP10 N°7 : de beschte Pinot gris op der Fréijeorsfoire