Streisel (ouni Fëllung)

TOP10 N°28: De beschte Lëtzebuerger Streisel 2019

Du bass mir e bossegt Streiselsgesiicht!

D’Fro ass ëmmer déi selwecht. Gefëllt oder net-gefëllt, wéi een(t) ass besser? Déi eng hunn e léiwer moer, fir an de Schocki ze zappen ouni Sauerei, déi aner hunn e léiwer mat leckerem Pudding gefëllt, oder mat Rubbarbsjelli, oder soss enger schmanteger Sauerei déi engem d’Baken glëschtereg erofleeft. Jo, eise Streisel. Eng grimmlech Geschicht ass se, dës national Institutioun.

Et ass anscheinend en traditionelle Kuch aus Schlesien: en einfachen Hiefdeeg, wou dann an Anti-Weight-Watcher-Grimmel-Mix aus extrem vill Botter, Miel an Zocker dropgedonnert gëtt, an dat ganzt oft mat extra feinem Pudderzocker garnéiert fir dat och all Mënsch gesäit wat der grad gefrupst hutt.

Als unerkanntsten an établéiersten Gourmets- a Geschmaachs-Institutioun vum Groussherzogtum hu mer decidéiert de puristesche Wee ze goen, an eis net vun der Puddings-Mafia verféieren ze loossen: mir hunn de Streisel ouni Fëllung getest!

Mir ware bei 19 Bäcker, an et war nawell schwéier well vill hate just gefëllte Streisel. „Sans pudding y a pas!“ war oft de Sproch. Ma 12 hu mer der wéi gesot awer fonnt.

*

Eis Critère fir eisen Top-Streiselkapp ze priméieren:

D’Ausgesinn: e Streisel ass e bëssi wéi de Pointillismus, eng Zort vun impressionistescher Konscht, aus ville klenge Punkte gëtt eppes Ganzes. Iwwer Konscht kann ee bekanntlech streiden, an dat ass och beim Streisel de Fall. Déi méi graff Amateuren hu léiwer just e puer déck Botter-Bommelen, déi wéi kleng Meteoritten um Streisel trounen an d’Zong ugräife wéi Botter-Torpedoe, déi aner, déi méi equilibréiert a raffinéiert Kadetten, hu léiwer e rouegt reegelméissegt Feld vu Botter-Gegrimmels, schéi waarm-goldgebrannt, wat de Streisel wéi e Botterblummefeld garnéiert an d’Zong wéi e Blubber-Bad mat Bottergeschmaach iwwerzitt. Mir hunn eis festgeluecht dat et visuell schéi soll sinn an dat ee Loscht soll hunn dran ze bäissen, bëssi nom Prinzip: Tais toi et sois belle.

D’Botter-Gegrimmels: komm mir sinn éierlech, dat schéinst beim Streisel-Iessen ass nunn emol d’Botter-Zocker Gegrimmels, wat lues um Gomm schmëlzt. Hei hu mer intensiivst geschmaacht op just Luxlait‘s Rose Botter benotzt gouf, wou een d’Südhäng vun de Lëtzebuerger Weeden nach erausschmaacht an de Kou-Euter nach sprëtzt vu Freed, oder ob industriellt Frittefett drëtter Generatioun benotzt gouf, wat nach no Fësch reezt, fir alt séier nach e puer Streisel ze maachen wéi de Feierowend-Béier scho kräfteg gewénkt huet.

Den Deeg: E gudde Streisel ass aus lëftegem Hiefdeeg, net ze vill séiss, liicht, frësch, wéi eng zaart Wollek um Fréijoershimmel vum Streisel-Paradies. Den Drama: eng dresche Geschicht, wéi eng ural Gipse-Plack aus dem Sperr-Müll, stëppseg, krupseg, schankeg, wou een direkt no engem Liter Waasser (oder Béier) jäizt fir net op der Plaz z’erdiischteren. Et mierkt ee séier wéi laang e Streisel schonn zanter Deeg hannert der Bäcker-Théik dohivégétéiert huet oder aus dem Industrie-Freezer kënnt, oder ob d’Bäckeschfra den Deeg viru Minutte mat den eegenen Hänn stramm a frësch ausgerullt huet, mat Loscht a Passioun, d’Schweessdrëpsen op der Stier, fir eng perfekt Konsistenz a Geschmaach.

D’Harmonie: wéi alles wat aus dem Uewe kënnt, ass och de Streisel eppes wou et drop ukënnt dat d’Gesamtbild klappt. En dierf net just no Botter schmaachen, de Pudderzocker däerf net déi éischt Gei spillen, den Deeg däerf dem Botter-Gegrimmels net d’Show klauen, jo se mussen all zesummen e perfekt ofgestëmmte Geschmaachs-Konzert liwweren wou keen ze kuerz kënnt ma all Mënsch trotzdeem zu Wuert kënnt.

Dann hu mer natierlech och op de Präis gekuckt: war de Streisel fréier nach eppes fir den einfache Mann, ass et mëttlerweil esou dat ee kéint mengen dat Louis Vuitton och Streisele géif bei verschidde Bäckere liwweren, sou deier si se ginn. Vläicht well d’Gegrimmels schwéier industriell machbar ass, an dat de Streisel eng vun de Mëtschen ass wou een d’Handaarbecht nach richteg gesäit…

*

Hei eise ranking:

Den Auchan huet déi beschte Lëtzebuerger Streisel ouni Fëllung 2019

#1 Auchan (Kirchberg)

#2 Yves Rieffer (Neudorf)

#3 Brisbois (Steinsel)

#4 Peschong (Biwer)

#5 Cactus (Howald)

#6 Hoffman (Luxembourg-Belair)

#7 Christian Schumacher (Walferdange)

#8 Berto (Differdange)

#9 Mosella (Hamm)

#10 Kremer (Belair-Merl)

*

 De ganzen Detail fannt dir hei:

Dee beschte Lëtzebuerger Streisel 2019