Eis Top10 ’19

TOP10 N°27: Déi beschte Lëtzebuerger Quetschentaart 2019

Quetschen och!

Nodeems mer d’Fouer zougemaach hunn an de leschte Wupp a Gromperekichelche verdaut hunn, hu mer just Loscht op eppes: Quetschentaart. Dësen traditionellen Lëtzebuerger Kascht ass am Hierscht um Programm, a wat d’Quetsche méi séiss, wat d’Taart besser ass.

Mir hunn eis op 15 Bäckerei konzentréiert, an hei drënner wäert der entdecke bei wiem et sech lount an de Buttek ze goe fir déi perfekten Quetsch-Ekstase!

*

Wat waren eis Critèren?

Quetschentaarten hu jo eppes Hypnotesches u sech. Wann ee se laang kuckt fänkt et u mat dréien, a wat d’Quetsche méi propper “in Rang und Glied” do leien, wat een méi roueg otemt, wat de Stresslevel erofgeet, wat ee méi glécklech ass.

Duerfir ass d’Ausgesinn immens wichteg fir eis. Verschidde Bäckermeeschteren hunn d’Quetsche mam graffe Grieff op d’Taart geworf oder hunn se ersoff mat Jelli, dat ass natierlech en No-Go, a ganz schlecht fir eise potentiellen meditative Quetschen-Yoga Cours.

Dann den Deeg. Gudde botter pâte brisée oder pâte levain, liicht gezéckert, krupseg, bronggebrannt wéi vun Engelshand, jo den Deeg muss de Quetschen hiert Gebraddels an hire Jus aushalen, hier eventuell Saier vertuschen, a schéi fest bleiwen. Do mierkt een direkt wann een industriellen Deeg benotzt huet deen zanter Methusalem an der Killtruh geronkt huet a wéi eng ageweechten Gips-Plack schmaacht!

D’Quintessenz vun enger Quetschentaart ass natierlech d’Quetsch. Et soll keng domm Quetsch sinn, ma eng raffinéiert, eng déi mat Léift per Hand geraf gouf am Bongert, onendlech laang gekësst vun der Sonn, séiss ewéi Zocker an net batter wéi Schléiwen, a voller Pracht geräift um Bam, zeideg gepléckt mam Saaft deen erausquëllt a laanscht de Still erofdrëpst, mat engem déiwen, rassege-botterege a laange Geschmaach deen eenzegaarteg ass. Och soll et eng richteg Quetsch sin, an nët hier grouss Schwëster, d’Promm! Déi as e bessi méi déck a fett, se laacht domm a frech an dréckt sech ëmmer vir, sou dat se oft virun der Quetsch op der Taart lannt! Hei spuere puer Bäcker gären, a fuddele mat Prommen. Dat ass en No-Go!

Dat wichtegst ass natierlech d’Harmonie. D’Quetsch schléit gären op déi déck Tromm, ma et geet net just ëm d’Quetschen op enger Quetschen-Taart. Déi perfekt Fusioun vun Deeg, Schmant a Quetschen soll zu enger gigantescher Geschmaachsexplosioun féieren, wou een sech just seet: Oh Flätsch déi Quetsch!

Natierlech hu mer och de Präis gekuckt, well d’ass den Hierscht, d’Solde sinn eriwwer, d’muss een de Portmonni schoune fir den nächste Glühwäin-Exzess, an eis mécht jo keen eng Quetsch fir eng Promm fir!

*

Hei eise Ranking:

Den Pain de Mary huet déi beschte Lëtzebuerger Quetschentaart 2019

#1 Pain de Mary (Gasperich)

#2 L’origine du pain (Strassen)

#3 Gerard (Oberkorn)

#4 Fischer (Steinfort)

#5 Thinnes (Mersch)

#6 Namur (Luxembourg-ville)

#7 Cactus (Bettembourg)

#8 Yves Rieffer (Neudorf)

#9 Nothum (Schifflange)

#10 Berto (Differdange)

*

 De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Quetschentaart 2019

*

*

*

TOP10 N°26: Déi beschte Lëtzebuerger Grillwurscht 2019!

4 Joer ass et hier dat mer déi beschte Lëtzebuerger Grillwurscht getest hunn. A mir wollte kucken ob sech vill verännert huet. Kann den Emo, Cactus a Goedert sech behaapten, oder sinn nei Metzler bäikomm?

D’Grillsaison geet an de Schluss-sprint, d’Mënz ass zu Malle all dropgemaach ginn, d’steet nach eng Fläsch Rosé an der Frigosdier, en hallefvollt Dëppche Moschtert jaitzt no Opmierksamkeet an d’Grillzaang wackelt vu Freed mat der Schlauf: jo da ginn alt mol erëm Thüringer, oder besser, Grillwurschten opgeluecht. Mir ware bei 19 Metzler uechter d’Land fir all Wupp matzehuelen deen den Opname-Exame fir eise feine Palais wollt packen.

Eis Critèren

…well mir jo schliisslech unerkannte Schmaach-Wëssenschaftler sinn déi just no strikten EU-Richtlinne an onfeelbarem Lëtzebuerger Bauchgefill schaffen!

D’Ausgesinn vun der Grillwurscht: d’ass elo net sou wei wann de Wupp misst op d’Couverture vun der Vogue, ma dach soll e schei frësch, prall-gefëllt a knackeg ausgesinn, an net wei eng zerdruddelt wäiss Geeschter-Zoossiss ausgesinn.

D’Konsistenz: d’Grillwurscht gëtt aus Schwéngefleesch gemaacht, an net de feinste Stecker. D’Wurscht ass leider net Famill mam Filet Mignon, soudatt d’Metzlermeeschter oft emol Reschter verschaffen. Mir wëllen dat eis Zong net op Fettbommen trëppelt beim Erabäissen, an si frou wann de Wupp schei reng an ouni grimmelegen Incident um Gomm zergeet an net zerfällt.

De Geschmaach: et kennt Origan, Peffer, Salz a bësse Knuewelek an d’Grillwurscht, a mir erwaarden eis eng fein-würzeg Geschmaach-Harmonie, wou d’Gefiller vum gegrillte Schwäin op d’delikat Kraider eriwwerfléien, dat ganzt subliméiert mat engem gudden Humpen. Géint Wuppen déi no Kartong oder aler Schongsuel schmaache si mer allergesch! De beschte Beweis dat de Wupp schmaacht, ass dat ee Loscht op nach een huet.

De Geroch: Kloer geet d’Léift vum Grillen net just duerch de Bauch ma och duerch d’Nues. De Grillwurscht Parfum muss raffinéiert sinn, et soll eng Geroch-Symphonie sinn, d’Rousen vu Grass musse jalous ginn, d’Nopere solle schelle kommen an de Wollef am Bësch soll jaule vu Loscht. Eng Wurscht vum Grill soll subtil an aromatesch richen, an net no ofgestanemen-ranzegem Fett oder Gammelfleesch wou d’Noperen d’ITM eriwwerschécken.

Zum Schluss de Präis: vu dat d’Famillje-Kees an der Vakanz gestrëppt gouf, wëlle mer net der Groussmamm hier Gold-Dukate musse verkafe fir eis Samschdegowes Grillparty. Méi fir manner ass ëmmer gutt (soulaang d’Qualitéit stemmt an d’Personal anstänneg bezuelt gëtt).

*

Hei eise Ranking:

Den Alves huet déi beschte Lëtzebuerger Grillwurscht 2019!

*

#1 Alves

#2 Meatbros

#3 Clement

#4 Peporte

#5 Steffen (Kümmel)

#6 Wolff

#7 Wolff (spezial)

#8 Bei der Bréck

#9 Steffen

#10 Cactus

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Grillwurscht 2019

*

*

*

 

TOP10 N°25: Déi beschte Lëtzebuerger Wäinzoossiss 2019 !

Déi eng mengen d’Moutarderie hätt se erfonnt, déi aner sinn der Meenung dat d’Vinsmoselles dohannert stécht fir hire bëllege Rivaner lasszeginn – ma a Wierklechkeet ass eis gutt Lëtzebuerger Wäinzoossiss eng Kopie vun der däitscher Bratwurst nach Bauernart. Iwwer Ästhetik léisst sech natierlech streiden, ma mir sinn der Meenung dat d’Wäinzoossiss sech net vun ongeféier am léifsten déif an enger defteg-ramescher Moschterzooss verstoppt, well hier eekleg Panz mat de blatzeg-wäisse Fettflecken si lo net grad ideal fir zu Cannes um rouden Metzler-Tapis ze stolzéieren.

An der Wäinzoossiss gëtt dräi Véierel Schwéngefleesch an ee Véierel Halsspeck vum Schwäi verschafft. De Speck iwwerdréit de Geschmaach a mécht dat et nawell schmaacht, a fir dat déi laang Sauerei awer trotzdeem iergendwéi locker aus der Pan an de Mond geet, gëtt dem gereezte Fleeschmix nach Muskat, Majoran, Peffer an e bësse wäisse Wäin bäigemëscht.

D’Moschterzooss, déi net dierf feelen, gëtt mat enger Schallott am Botter, masseg wäissem Wäin a Ram gezaubert. Meeschtens ass Wäinzoossiss déi ideal Excuse fir eng Fläsch wäisse Wäi opzemaachen, oder zwou oder dräi.

Mir ware bei 23 Metzler uechter d’Land fir all Wäinzoossiss ze kafen déi et am Grand-Duché ze fanne gëtt. Mir si prett fir ze broden – oder ze grillen dëse Summer – wëll mir wëssen wou et déi beschte gëtt!

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: jo, d’Wäinzoossiss ass wéi gesot ganz oft dat schwaarzt Schof vu ville Metzler, an all krommgeschniddent Stéck Fleesch a sabbelegt Stéck Speck wat den Examen net gepackt huet fir hannert d’Théik gëtt oft an dës Zoossiss verschafft. Kee Wonner dat mer etlech Träipe gesinn hunn déi méi no groem Schlauch mat wäissem Styropor gefëllt ausgesi, wéi no frëscher rosa-rouder Wurscht wou d‘Grillzaang scho ralleg gëtt wann se de Wupp vu wäitem gesäit.

Dono hu mer eis Wurscht gegrillt oder gebroden, an mat verbonnenen Ae dra gebass. Uiii…mir hu Speck jo gär an alle Formen, ma wann et just op de Gomm sprëtzt wéi eng Sprinkler-Anlag mat Iwwerdrock, an d’Schwéngefleesch geet ënner, jo dann ass keng Harmonie do, dann ass dat net wéi et soll sinn.

Dann de Geschmaach: bei verschidden Zoossissen hu mer eis geduecht op Esseg oder ofeglafent Frittefett bäigemëscht gouf, oder op d’Béischt am drëtten Alter gewiescht wier, sou komesch huet déi Saach geschmaacht. Bei der Exzellenz war et rengste Magie, an e fei-würzegt Schwéngsaroma huet sech mat edlem Miseler Rieslings-Effluve vermëscht, ei do war de Metzler mam Häerz dobäi, do héiert een d’Schwäin nach grunzen an d’gesäit een d‘Rief nach dofteg laanscht d‘Musel bléien.

Dann de Geroch vun der Zoossiss nom Grillen oder Broden: bei etleche Wuppen duechte mer d’Sidor hätt de Filter net uschalt um Schuechtech zu Leideleng, so schlëmm war et. Bei eise beschten Zoossissen huet d’Nues d’Kopplabunz vu Freed gedoen, de Spaut ass engem am Mond zesumme gelaf, d’Forschett an d’Messer sinn engem bal aus de fiichten Hänn gerutscht vu Bëntzegkeet dat gutt Stéck elo endlech an de Bauch ze kréien, sou raffinéiert war d’Würzegkeet, sou ideal war d’Symbios tëscht Schwäin, Speck a Kraidermëschung.

Natierlech hu mer och nom Präis gekuckt, mir wëllen jo net mussen de Weber Grill hypothekéieren wa mer Wäinzoossiss wëlle maachen, a bessi Mënz gëtt nach gebraucht fir gudde Lëtzebuerger Moschtert ze kafe fir d‘Zooss!

*

Hei eise Ranking :

De Steffen huet déi beschte Lëtzebuerger Wäinzoossiss 2019

*

#1 Steffen

#2 Metzlerei bei der Bréck

 #3 Alves

 #4 Provençale

 #5 Werdel

 #6 Cactus

 #7 Goedert

 #8 Kirsch

 #9 Kaiffer

 #10 Match

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Wainzoosiss 2019