Wäinzoossiss

TOP10 N°25: Déi beschte Lëtzebuerger Wäinzoossiss 2019 !

Déi eng mengen d’Moutarderie hätt se erfonnt, déi aner sinn der Meenung dat d’Vinsmoselles dohannert stécht fir hire bëllege Rivaner lasszeginn – ma a Wierklechkeet ass eis gutt Lëtzebuerger Wäinzoossiss eng Kopie vun der däitscher Bratwurst nach Bauernart. Iwwer Ästhetik léisst sech natierlech streiden, ma mir sinn der Meenung dat d’Wäinzoossiss sech net vun ongeféier am léifsten déif an enger defteg-ramescher Moschterzooss verstoppt, well hier eekleg Panz mat de blatzeg-wäisse Fettflecken si lo net grad ideal fir zu Cannes um rouden Metzler-Tapis ze stolzéieren.

An der Wäinzoossiss gëtt dräi Véierel Schwéngefleesch an ee Véierel Halsspeck vum Schwäi verschafft. De Speck iwwerdréit de Geschmaach a mécht dat et nawell schmaacht, a fir dat déi laang Sauerei awer trotzdeem iergendwéi locker aus der Pan an de Mond geet, gëtt dem gereezte Fleeschmix nach Muskat, Majoran, Peffer an e bësse wäisse Wäin bäigemëscht.

D’Moschterzooss, déi net dierf feelen, gëtt mat enger Schallott am Botter, masseg wäissem Wäin a Ram gezaubert. Meeschtens ass Wäinzoossiss déi ideal Excuse fir eng Fläsch wäisse Wäi opzemaachen, oder zwou oder dräi.

Mir ware bei 23 Metzler uechter d’Land fir all Wäinzoossiss ze kafen déi et am Grand-Duché ze fanne gëtt. Mir si prett fir ze broden – oder ze grillen dëse Summer – wëll mir wëssen wou et déi beschte gëtt!

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: jo, d’Wäinzoossiss ass wéi gesot ganz oft dat schwaarzt Schof vu ville Metzler, an all krommgeschniddent Stéck Fleesch a sabbelegt Stéck Speck wat den Examen net gepackt huet fir hannert d’Théik gëtt oft an dës Zoossiss verschafft. Kee Wonner dat mer etlech Träipe gesinn hunn déi méi no groem Schlauch mat wäissem Styropor gefëllt ausgesi, wéi no frëscher rosa-rouder Wurscht wou d‘Grillzaang scho ralleg gëtt wann se de Wupp vu wäitem gesäit.

Dono hu mer eis Wurscht gegrillt oder gebroden, an mat verbonnenen Ae dra gebass. Uiii…mir hu Speck jo gär an alle Formen, ma wann et just op de Gomm sprëtzt wéi eng Sprinkler-Anlag mat Iwwerdrock, an d’Schwéngefleesch geet ënner, jo dann ass keng Harmonie do, dann ass dat net wéi et soll sinn.

Dann de Geschmaach: bei verschidden Zoossissen hu mer eis geduecht op Esseg oder ofeglafent Frittefett bäigemëscht gouf, oder op d’Béischt am drëtten Alter gewiescht wier, sou komesch huet déi Saach geschmaacht. Bei der Exzellenz war et rengste Magie, an e fei-würzegt Schwéngsaroma huet sech mat edlem Miseler Rieslings-Effluve vermëscht, ei do war de Metzler mam Häerz dobäi, do héiert een d’Schwäin nach grunzen an d’gesäit een d‘Rief nach dofteg laanscht d‘Musel bléien.

Dann de Geroch vun der Zoossiss nom Grillen oder Broden: bei etleche Wuppen duechte mer d’Sidor hätt de Filter net uschalt um Schuechtech zu Leideleng, so schlëmm war et. Bei eise beschten Zoossissen huet d’Nues d’Kopplabunz vu Freed gedoen, de Spaut ass engem am Mond zesumme gelaf, d’Forschett an d’Messer sinn engem bal aus de fiichten Hänn gerutscht vu Bëntzegkeet dat gutt Stéck elo endlech an de Bauch ze kréien, sou raffinéiert war d’Würzegkeet, sou ideal war d’Symbios tëscht Schwäin, Speck a Kraidermëschung.

Natierlech hu mer och nom Präis gekuckt, mir wëllen jo net mussen de Weber Grill hypothekéieren wa mer Wäinzoossiss wëlle maachen, a bessi Mënz gëtt nach gebraucht fir gudde Lëtzebuerger Moschtert ze kafe fir d‘Zooss!

*

Hei eise Ranking :

De Steffen huet déi beschte Lëtzebuerger Wäinzoossiss 2019

*

#1 Steffen

#2 Metzlerei bei der Bréck

 #3 Alves

 #4 Provençale

 #5 Werdel

 #6 Cactus

 #7 Goedert

 #8 Kirsch

 #9 Kaiffer

 #10 Match

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Wainzoosiss 2019