Schockelasrull

*

 

TOP10 N°24 : Déi beschte Lëtzebuerger Schockelasrull 2018 !

Dir sidd jo eiser Meenung wa mer soen dat de Croissant fir d’Amateur’e vum franséischen Art de vivre ass, d’Aachtche fir d’Mathematiker ass, d’Äppeltäsch fir d’Steeseler Äppelbaueren ass, d’Schneck fir d’Korinthepickerten ass, an déi eenzeg richteg defteg Mëtsch fir glëschtereg Gesellen déi gären alles hätten, an dat am léifsten am Duopack, d’Schockelasrull ass?

Kloer, et hänkt alles vum Schockela of deen dran ass, wéi haart en ass, wéi zaart en ass, wéi séier en op der Zong zergeet, wéi symmetresch déi zwou Schockelas-Bremsspuren an der Mëtsch léien, jo d’Schockelasrull ass halt eppes fir raffinéiert a polyvalent Connaisseur’en. Zouginn, et keeft een oft d’Kaz am Sak, wëll anescht wéi bei der Aachtchen oder der Schneck gesäit ee just e klénge Wutz vum Kakao’s Genoss deen an der Rull ass. D’Rull ronderëm de Schockela ass e bëssi wéi e Bikini, e verdeckt dat Bescht, d’ass e bëssi wéi eng Kinderüberraschung, wou een dono oft eppes Besseres beléiert gëtt, oder och net.

D’ Schockelasrull, a Frankräich jee no Regioun Chocolatine oder Pain au chocolat genannt, op Japanesch,« パン・オ» (« pan’oshokora »…jo jo, et ass erstaunlech ma et ass esou), war fréier einfach e Stéck Baguette wou e Stéck Schockela dragestach gouf, fir am Haff z’iessen als “en-cas”. Spéiderhin hunn d’Bäcker de Bliederdeeg vum Croissant benotzt fir dorausser eng nei Mëtsch ze maachen.

Mir ware bei impressionnant 22 Bäcker hei am Land, fir no hirem Schockelas-Tournedos ze froen.

*

Eis Critèren :

D‘Ausgesinn: dir wësst jo wéi et heiansdo ausgesäit hannert enger Bäckesch-Théik?! Wéi wann et do nawell zolidd Zodi ginn hätt, wéi wann de Croissant sech mam Streisel ugeluecht hätt wëll hien der Schneck wollt eng Korint klauen, an d’Trëtz huet sech dunn agemëscht fir dem Boxemännchen de Fouss ze stellen well deen net fei war mat hier a sou weider. Jo, da stëbst et an eis Mëtsche gesinn aus wéi wann se eng 20 Stonne-Rees an der Holzklass vu Ryanair hannert sech hätten: déck zerknautscht, d’Glasur drënner-driwwer, jo en Trauerspill, schlëmmer wéi aus dem Automat. Da gëtt et d’Perfektioun, wou all Schockelasrull op engem klengen Troun sëtzt, schéi beliicht mat enger waarmer Luucht, de Bliederdeeg perfekt brong gebrannt wéi frësch vu Rimini, d’Glasur glënnert wéi e frësch-gewichste Capot, déi zwee Schockelaswuppen luussen eraus wéi wann se et dobannen net méi géife vun Onmass u Schockela aushalen, jo et huet een direkt Loscht sech déi Rull déif an de Mond ze stiechen.

Dono dann den Deeg: oh mir kënnen se all, déi Schokelasrullen aus der Plastikseenzelverpackung vun der Tankstell. Kuckt iech nëmmen den Frëschhaltedatum un: meeschtens halen déi méi laang wéi d’Schildkröten aus dem Beetebuerger Park al ginn. Dat sinn déi knätscheg ranzeg Rulle fir am Auto ze baffen wann et op de Camping geet, wou den Deeg méi wéi scho geknate Knätschgummi schmaacht wéi no Botter a Miel. Och eis déifgefruere Varianten, déi a ville Bäckereie waarm gemaach gi moies fréi sinn an där Kategorie: vu frësch-krupseg a bottresch-lëfteg wäit ewech. Do wou de Bäcker moies um 3 opsteet an säin Deeg ausrullt, dat schmaacht een, do mengt een et géif een der Botterfra an den Décolleté kucke wann se Botter mëscht, sou frësch schmaachen déi, sou raffinéiert an zaart ass deen Deeg, et ass eng Freed déi lues um Gomm zergeet.

Dann den Héichpunkt, de Schockela: wéi soen se alt heiansdo, aussen hui, innen pfui?! Oft gëtt sech no bausse gebretzt, a banne gëtt bei der Fëllung gespuert. Hei geet et vu bëllegem Nesquik-Imitatiouns-Schockela dee sécher ni eng Kakao’s Boun vu wäitem gesinn huet an just no falschem Zocker mat chemeschem Caramel-Extrakt schmaacht, bis hin zur Schwäizer Schockelas-Extravaganza mat echtem Valrhona oder purem Lindt. Jo, richtege schmantege Schockela, wou quasi an all Mëtsch eng Visite-Kaart vun engem Kakao’s-Bauer aus dem Ecuador kéint dra stieche, sou intensiv schmaacht de pure Schockelasgenoss.

Dann zu gudder Läscht d’Harmonie: dat schéinst un der Schockelasrull ass jo dat net nëmmen eng ma zwou Linne Schockela dra sinn, zweemol gluckst d’Häerz vu Freed, an dat ganzt muss sech ideal mam Deeg bestueden. Hei gesäit een da wéi séier e puer Croissant’e mat Schockela gefëllt huet éier de Buttek opgemaacht gouf, oder wien eng ganz nei Schockelas-Kreatioun op d’Welt bruecht huet, wou eng perfekt Balance tëscht dem duebele Kakao’s Impakt an dem Bliederdeeg entsteet, a wou all Aroma richteg Zäit huet fir sech kënnen a senger ganzer Schéinheet a Perfektioun z’entfalen.

Och hu mer nom Präis gekuckt, wëll verschidde Bäcker hu gemengt si kéinte Gold-Präisser fir hier Extra-Portioun Schockela froen, woubäi anerer den Domm net op der Wo haten, a ganz raisonnabel bliwwe sinn, op de Gramm gerechent.

*

Hei eise Ranking :

De Pain de Mary vu Gaasperech huet déi beschte Lëtzebuerger Schockelasrull 2018

*

#1 Pain de Mary

#2 Fischer

#3 Le pain et la toque

#4 Namur

#5 Jos a Jean-Marie

#6 Hoffmann

#7Cactus

#8 Pomme cannelle

#9 Schiltz

#10 Peschong

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Schockelasrull 2018

*