Bauerenham

 

 

TOP10 N°23: Déi beschte Lëtzebuerger Bauerenham 2018

“Déi doten hunn d’Ham och am léifsten an der Mëllech gekacht!” ass e bekannte Lëtzebuerger Spréchwuert fir verwinnte Schwäin ze bezeechnen déi gären alles vum Feinsten hunn, voire nach e bëssi besser. Mir hunn eis do direkt ugesprach gefillt, well mir siche just dat Bescht. Eis gutt Lëtzebuerger Ham ass och eppes Feines, souguer wann se net an der Mëllech gekacht ass ma just am Kraider-Bouillon. D’Lëtzebuerger Bauerenham ass eng Referenz, an dës gekachten Delikatess gëtt gäre vun all Mënsch op der Schmier gebafft, mat guddem Lëtzebuerger Botter, mat oder ouni Moschtert, oder kleng an d’Nuddele geschnidden oder an den Croque-Monsieur gezwafft.

Bauerenham gëtt aus der Cuisse vum Schwäi gemaacht, ouni Schank an Nerven, kuerz an enger Saumure (“Pökel”) agemaacht fir dat se hier Frëschheet a Fiichtegkeet hält (a schéi rosa gëtt), an dono an enger hermetescher Form an engem Kraider-Bouillon gekacht. All Bauerefamill (oder haut Metzler) huet hiert geheimt Rezept fir dëse Bouillon, wat fréier vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf, ob mat Spackelter, Koriander, Neelcheskäpp oder engem Bouquet garni…alles ass erlaabt wat wierzt! D’Lëtzebuerger Bauerenham ass bekannt fir méi defteg ze sinn wéi den Jambon National aus Frankräich, ma mir sinn zimlech no un der däitscher “Bauernschinken”…dat wäert den Afloss aus dem Oste sinn.

Bei eng 30 Metzler ware mer d’traditionell Bauerenham sichen…et si sécher net méi alles Baueren, mä bon, d’Ham heescht nun halt emol esou.

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: wann mer eis Ham op d’Schmier leen da soll dat genau richteg ausgesinn, zaart a frësch rosa, wéi frësch verléift, mat net ze vill fettegem Gedeessems wat duerch d’Fleesch leeft, fir eng schéi schwéngsësch Sauerei. Hei goung et vun der perfekt fiichter Baby-Rosa-Ham bis hin zur bleech-groer Stëbs-Wollek-Katastroph, déi keen sech zoumudde wollt.

Dono dann de Mix aus Salzegkeet an Haerzhaftegkeet…war d’Kätti mam Männi an d’Stréi lompe wéi d’Ham am Bouillon louch, an dat ganzt as versalzt a verkacht, oder huet d’Bomi brav drop opgepasst wärend de Männi dem Kätti seng Hamen vu méi no gekuckt huet, an nach extra Kraider aus hirer Geheim-Stopp dragedonnert fir deen eenzegaartegen Goût hinzekréien? Hei as gaange vun versalzenem Gefleeschels ouni Iergendeppes bis eben hin zu dem perfekten Equiliber vun Himalaya-Salz an nosseg-wierzeg Aroma fir d’Kraider-Hexe richteg ralleg ze maachen.

Of course war de wichtegste Critère de globale Geschmaach: vum Erabäissen, op der Zong schmëlze bis de Gomm erof, alles muss klappen an et soll ee Loscht op méi hunn! Hei hu mer Saache fonnt, oh mäi Gott, de Bauer Petschelauer géif sech am Graf ëmdréien: Bauerenham mat quasi nëmme Fett, e richtege Geschmaach-Inferno, sou wéi déi Hamen déi een ageschweest am Plastik op der Tankstell kritt, mat villem dran ausser Fleesch, bis hin zu grunzeg-zaart-herbem Schwéngsgenoss, vollendet veredelt mat dem Baueremod sengem Cochon N°5!

Beim Präis op de Kilo ass all Schwéngerei erlaabt! Vu 17 Euro bis hin zu iwwer 40 Euro de Kilo ass alles ze kréien am Grand-Duché, an da soll nach ee soen Schwäi wier fir aarme Leit…do si Metzler déi se am Schampes kache menge mer.

*

Hei eise Ranking:

De Renmans huet déi beschte Lëtzebuerger Bauerenham 2018

#1 Renmans

#2 Paul Haag

#3 Meunier

#4 Peporte

#5 Emo

#6 Kirsch

#7 Niessen

#8 Meatbros

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Bauerenham 2018