Zoossiss

TOP10 N°22: Déi beschte Lëtzebuerger Zoossiss 2018

Fréier hat all Mënsch eng vum Bauer aus dem Duerf doheem hänken, aus der Haascht, frësch gereechert, haut huet se immens vill vun hirer Superbe verluer a gëtt vill duerch bëlleg a fetteg Salami ersat op de Schmieren: d’lëtzebuerger Zoossiss. Dëse laangen donkelroude Kollwen ësst een nawell gären a feinen (oder décken) Tranche geschnidden an de kale Méint op der Botterschmier nom Spadséiere, mat guddem Kachkéis a deftegem Moschter drop, ei, wat dat schmaacht.

D’lëtzebuerger Zoossiss ass natierlech vun hirer extrem raffinéierter Zylinder-Form hier eppes wat an d’Ae (oder an anere Saache) stécht, a muss an all Metzlerei stoen…euh…hänken, sou wéi de Jamon an de spuenesche Boqueria’en an d’Prosciutto an den italieneschen Tratoria’s hänkt (an an Däitschland d’Liewerwurscht hannert dem Comptoir gammelt). Wéi all d’Gewurschtels an d’Gepaté’s ass d’Zoossiss eng “Foire aux restes” fir de Metzler, wou seelen de Filet verschafft gëtt, ma meeschtens vill Reschter, vill Speck oder Schwéngsbauch. Déi rout Faarf gëtt generéiert duerch d’manuellt Bäisetze vu Mëllechseierbakterien. An de Bio-Wurschten gëtt dat net gemaacht an duerfir sinn déi gro. Gro ass natierlech net sou sexy wéi Bordells-rout, ma et kann een net alles hunn. Verfeinert (oder iwwerhaapt emol zu eppes gemaacht) gëtt dat ganzt duerch allerlee Gewürzer wéi Koriander, Peffer, Knuewelek, roude Wäin an alles wat “häerzhaft” mécht. Duerch d’Reecheren kritt et dann nach de gurmangsege fuméierte Geschmaach an as méi wéi ideal fir de Lëtzebuerger beim Béier. Ma ët geet wéi ëmmer erëm vu ranzeger Sidor-Strull bis hin zum feinste Fleesch-Täissel aus der Regioun. Bei eng 20 Metzler ware mer dësen traditionelle Lëtzebuerger Wupp sichen.

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: wann ee senger Madamm e gereecherte Fleesch-Bengel als Owesiesse fir ze knabbere proposéiert, da muss dat Stéck schéi sinn: zaartrout, stramm a laang, mat net ze vill fettege Waarzelen iwwerall drop, jo frësch a knackeg muss déi Zoossiss ausgesinn soss gëtt et kee Rëndelchen. Hei ass et gaangen vu groem Trauerspill (wat awer ze verstoen ass) bis hin zu perfekter Kombinatioun vun zaarter Haut an déifroudem Spektakel fir geckeg ze ginn.

Dann de Geroch: wann déi laang Staang mol bis opgeschnidden ass, soll et no edlem-würzegen gereecherte Wupp richen an net no Endstadium an der Geriatrie. Hei si mer och op de Buedem gefall, bei deenen engen duechte mer echt do wier d’Läich aus dem leschten Tatort dra verschafft ginn, bei deene beschten huet den hausmaacher Reecherdamp an d’Kraidersymphonien un eiser Nues gekëddelt.

Dann natierlech de Geschmaach: déi schlëmm wéi wann een eng Scheif ranzege Schmant géif knabberen, o mäi Gott, séier fort domadder, do wollt ee seng Rechter lass ginn, a bei den Zoossiss-Kinneken huet een halt gespiert dat Léift a gutt Fleesch dran ass, an eng glécklech a generéis Hand mam Wäin a Kraider a Knuewelek um Wier war. Kee Gewurschtels ma Raffinéiertes.

Natierlech hu mer och de Präis gekuckt, an hei geet et vun 13 bis 42 Euro de Kilo…et verkafen also och verschiddener Zoossiss zu Kaviar-Präisser, opgepasst, do kann et virkommen dat ee fir e Rëndelche mol dem Banquier muss uruffe wëll d’Kaart gespaart gouf. Hei sinn eis Zoossiss-Resultater 2018!

*

Hei eise Ranking:

Den Emo huet déi beschte Lëtzebuerger Zoossiss 2018

 

#1 Emo

#2 Cactus

#3 Meyrer

#4 Kappler

#5 Carlo Kap

#6 Hans Wirth

#7 Steffen

#8 Metzlerei bei der Bréck

#9  Wolff

#10 Meunier

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte lëtzebuerger Zoosiss 2018