Eis Top10 ’18

*

TOP10 N°24 : Déi beschte Lëtzebuerger Schockelasrull 2018 !

Dir sidd jo eiser Meenung wa mer soen dat de Croissant fir d’Amateur’e vum franséischen Art de vivre ass, d’Aachtche fir d’Mathematiker ass, d’Äppeltäsch fir d’Steeseler Äppelbaueren ass, d’Schneck fir d’Korinthepickerten ass, an déi eenzeg richteg defteg Mëtsch fir glëschtereg Gesellen déi gären alles hätten, an dat am léifsten am Duopack, d’Schockelasrull ass?

Kloer, et hänkt alles vum Schockela of deen dran ass, wéi haart en ass, wéi zaart en ass, wéi séier en op der Zong zergeet, wéi symmetresch déi zwou Schockelas-Bremsspuren an der Mëtsch léien, jo d’Schockelasrull ass halt eppes fir raffinéiert a polyvalent Connaisseur’en. Zouginn, et keeft een oft d’Kaz am Sak, wëll anescht wéi bei der Aachtchen oder der Schneck gesäit ee just e klénge Wutz vum Kakao’s Genoss deen an der Rull ass. D’Rull ronderëm de Schockela ass e bëssi wéi e Bikini, e verdeckt dat Bescht, d’ass e bëssi wéi eng Kinderüberraschung, wou een dono oft eppes Besseres beléiert gëtt, oder och net.

D’ Schockelasrull, a Frankräich jee no Regioun Chocolatine oder Pain au chocolat genannt, op Japanesch,« パン・オ» (« pan’oshokora »…jo jo, et ass erstaunlech ma et ass esou), war fréier einfach e Stéck Baguette wou e Stéck Schockela dragestach gouf, fir am Haff z’iessen als “en-cas”. Spéiderhin hunn d’Bäcker de Bliederdeeg vum Croissant benotzt fir dorausser eng nei Mëtsch ze maachen.

Mir ware bei impressionnant 22 Bäcker hei am Land, fir no hirem Schockelas-Tournedos ze froen.

*

Eis Critèren :

D‘Ausgesinn: dir wësst jo wéi et heiansdo ausgesäit hannert enger Bäckesch-Théik?! Wéi wann et do nawell zolidd Zodi ginn hätt, wéi wann de Croissant sech mam Streisel ugeluecht hätt wëll hien der Schneck wollt eng Korint klauen, an d’Trëtz huet sech dunn agemëscht fir dem Boxemännchen de Fouss ze stellen well deen net fei war mat hier a sou weider. Jo, da stëbst et an eis Mëtsche gesinn aus wéi wann se eng 20 Stonne-Rees an der Holzklass vu Ryanair hannert sech hätten: déck zerknautscht, d’Glasur drënner-driwwer, jo en Trauerspill, schlëmmer wéi aus dem Automat. Da gëtt et d’Perfektioun, wou all Schockelasrull op engem klengen Troun sëtzt, schéi beliicht mat enger waarmer Luucht, de Bliederdeeg perfekt brong gebrannt wéi frësch vu Rimini, d’Glasur glënnert wéi e frësch-gewichste Capot, déi zwee Schockelaswuppen luussen eraus wéi wann se et dobannen net méi géife vun Onmass u Schockela aushalen, jo et huet een direkt Loscht sech déi Rull déif an de Mond ze stiechen.

Dono dann den Deeg: oh mir kënnen se all, déi Schokelasrullen aus der Plastikseenzelverpackung vun der Tankstell. Kuckt iech nëmmen den Frëschhaltedatum un: meeschtens halen déi méi laang wéi d’Schildkröten aus dem Beetebuerger Park al ginn. Dat sinn déi knätscheg ranzeg Rulle fir am Auto ze baffen wann et op de Camping geet, wou den Deeg méi wéi scho geknate Knätschgummi schmaacht wéi no Botter a Miel. Och eis déifgefruere Varianten, déi a ville Bäckereie waarm gemaach gi moies fréi sinn an där Kategorie: vu frësch-krupseg a bottresch-lëfteg wäit ewech. Do wou de Bäcker moies um 3 opsteet an säin Deeg ausrullt, dat schmaacht een, do mengt een et géif een der Botterfra an den Décolleté kucke wann se Botter mëscht, sou frësch schmaachen déi, sou raffinéiert an zaart ass deen Deeg, et ass eng Freed déi lues um Gomm zergeet.

Dann den Héichpunkt, de Schockela: wéi soen se alt heiansdo, aussen hui, innen pfui?! Oft gëtt sech no bausse gebretzt, a banne gëtt bei der Fëllung gespuert. Hei geet et vu bëllegem Nesquik-Imitatiouns-Schockela dee sécher ni eng Kakao’s Boun vu wäitem gesinn huet an just no falschem Zocker mat chemeschem Caramel-Extrakt schmaacht, bis hin zur Schwäizer Schockelas-Extravaganza mat echtem Valrhona oder purem Lindt. Jo, richtege schmantege Schockela, wou quasi an all Mëtsch eng Visite-Kaart vun engem Kakao’s-Bauer aus dem Ecuador kéint dra stieche, sou intensiv schmaacht de pure Schockelasgenoss.

Dann zu gudder Läscht d’Harmonie: dat schéinst un der Schockelasrull ass jo dat net nëmmen eng ma zwou Linne Schockela dra sinn, zweemol gluckst d’Häerz vu Freed, an dat ganzt muss sech ideal mam Deeg bestueden. Hei gesäit een da wéi séier e puer Croissant’e mat Schockela gefëllt huet éier de Buttek opgemaacht gouf, oder wien eng ganz nei Schockelas-Kreatioun op d’Welt bruecht huet, wou eng perfekt Balance tëscht dem duebele Kakao’s Impakt an dem Bliederdeeg entsteet, a wou all Aroma richteg Zäit huet fir sech kënnen a senger ganzer Schéinheet a Perfektioun z’entfalen.

Och hu mer nom Präis gekuckt, wëll verschidde Bäcker hu gemengt si kéinte Gold-Präisser fir hier Extra-Portioun Schockela froen, woubäi anerer den Domm net op der Wo haten, a ganz raisonnabel bliwwe sinn, op de Gramm gerechent.

*

Hei eise Ranking :

De Pain de Mary vu Gaasperech huet déi beschte Lëtzebuerger Schockelasrull 2018

*

#1 Pain de Mary

#2 Fischer

#3 Le pain et la toque

#4 Namur

#5 Jos a Jean-Marie

#6 Hoffmann

#7Cactus

#8 Pomme cannelle

#9 Schiltz

#10 Peschong

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Schockelasrull 2018

*

 

TOP10 N°23: Déi beschte Lëtzebuerger Bauerenham 2018

“Déi doten hunn d’Ham och am léifsten an der Mëllech gekacht!” ass e bekannte Lëtzebuerger Spréchwuert fir verwinnte Schwäin ze bezeechnen déi gären alles vum Feinsten hunn, voire nach e bëssi besser. Mir hunn eis do direkt ugesprach gefillt, well mir siche just dat Bescht. Eis gutt Lëtzebuerger Ham ass och eppes Feines, souguer wann se net an der Mëllech gekacht ass ma just am Kraider-Bouillon. D’Lëtzebuerger Bauerenham ass eng Referenz, an dës gekachten Delikatess gëtt gäre vun all Mënsch op der Schmier gebafft, mat guddem Lëtzebuerger Botter, mat oder ouni Moschtert, oder kleng an d’Nuddele geschnidden oder an den Croque-Monsieur gezwafft.

Bauerenham gëtt aus der Cuisse vum Schwäi gemaacht, ouni Schank an Nerven, kuerz an enger Saumure (“Pökel”) agemaacht fir dat se hier Frëschheet a Fiichtegkeet hält (a schéi rosa gëtt), an dono an enger hermetescher Form an engem Kraider-Bouillon gekacht. All Bauerefamill (oder haut Metzler) huet hiert geheimt Rezept fir dëse Bouillon, wat fréier vu Generatioun zu Generatioun weidergi gouf, ob mat Spackelter, Koriander, Neelcheskäpp oder engem Bouquet garni…alles ass erlaabt wat wierzt! D’Lëtzebuerger Bauerenham ass bekannt fir méi defteg ze sinn wéi den Jambon National aus Frankräich, ma mir sinn zimlech no un der däitscher “Bauernschinken”…dat wäert den Afloss aus dem Oste sinn.

Bei eng 30 Metzler ware mer d’traditionell Bauerenham sichen…et si sécher net méi alles Baueren, mä bon, d’Ham heescht nun halt emol esou.

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: wann mer eis Ham op d’Schmier leen da soll dat genau richteg ausgesinn, zaart a frësch rosa, wéi frësch verléift, mat net ze vill fettegem Gedeessems wat duerch d’Fleesch leeft, fir eng schéi schwéngsësch Sauerei. Hei goung et vun der perfekt fiichter Baby-Rosa-Ham bis hin zur bleech-groer Stëbs-Wollek-Katastroph, déi keen sech zoumudde wollt.

Dono dann de Mix aus Salzegkeet an Haerzhaftegkeet…war d’Kätti mam Männi an d’Stréi lompe wéi d’Ham am Bouillon louch, an dat ganzt as versalzt a verkacht, oder huet d’Bomi brav drop opgepasst wärend de Männi dem Kätti seng Hamen vu méi no gekuckt huet, an nach extra Kraider aus hirer Geheim-Stopp dragedonnert fir deen eenzegaartegen Goût hinzekréien? Hei as gaange vun versalzenem Gefleeschels ouni Iergendeppes bis eben hin zu dem perfekten Equiliber vun Himalaya-Salz an nosseg-wierzeg Aroma fir d’Kraider-Hexe richteg ralleg ze maachen.

Of course war de wichtegste Critère de globale Geschmaach: vum Erabäissen, op der Zong schmëlze bis de Gomm erof, alles muss klappen an et soll ee Loscht op méi hunn! Hei hu mer Saache fonnt, oh mäi Gott, de Bauer Petschelauer géif sech am Graf ëmdréien: Bauerenham mat quasi nëmme Fett, e richtege Geschmaach-Inferno, sou wéi déi Hamen déi een ageschweest am Plastik op der Tankstell kritt, mat villem dran ausser Fleesch, bis hin zu grunzeg-zaart-herbem Schwéngsgenoss, vollendet veredelt mat dem Baueremod sengem Cochon N°5!

Beim Präis op de Kilo ass all Schwéngerei erlaabt! Vu 17 Euro bis hin zu iwwer 40 Euro de Kilo ass alles ze kréien am Grand-Duché, an da soll nach ee soen Schwäi wier fir aarme Leit…do si Metzler déi se am Schampes kache menge mer.

*

Hei eise Ranking:

De Renmans huet déi beschte Lëtzebuerger Bauerenham 2018

#1 Renmans

#2 Paul Haag

#3 Meunier

#4 Peporte

#5 Emo

#6 Kirsch

#7 Niessen

#8 Meatbros

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Bauerenham 2018

***

TOP10 N°22: Déi beschte Lëtzebuerger Zoossiss 2018

Fréier hat all Mënsch eng vum Bauer aus dem Duerf doheem hänken, aus der Haascht, frësch gereechert, haut huet se immens vill vun hirer Superbe verluer a gëtt vill duerch bëlleg a fetteg Salami ersat op de Schmieren: d’lëtzebuerger Zoossiss. Dëse laangen donkelroude Kollwen ësst een nawell gären a feinen (oder décken) Tranche geschnidden an de kale Méint op der Botterschmier nom Spadséiere, mat guddem Kachkéis a deftegem Moschter drop, ei, wat dat schmaacht.

D’lëtzebuerger Zoossiss ass natierlech vun hirer extrem raffinéierter Zylinder-Form hier eppes wat an d’Ae (oder an anere Saache) stécht, a muss an all Metzlerei stoen…euh…hänken, sou wéi de Jamon an de spuenesche Boqueria’en an d’Prosciutto an den italieneschen Tratoria’s hänkt (an an Däitschland d’Liewerwurscht hannert dem Comptoir gammelt). Wéi all d’Gewurschtels an d’Gepaté’s ass d’Zoossiss eng “Foire aux restes” fir de Metzler, wou seelen de Filet verschafft gëtt, ma meeschtens vill Reschter, vill Speck oder Schwéngsbauch. Déi rout Faarf gëtt generéiert duerch d’manuellt Bäisetze vu Mëllechseierbakterien. An de Bio-Wurschten gëtt dat net gemaacht an duerfir sinn déi gro. Gro ass natierlech net sou sexy wéi Bordells-rout, ma et kann een net alles hunn. Verfeinert (oder iwwerhaapt emol zu eppes gemaacht) gëtt dat ganzt duerch allerlee Gewürzer wéi Koriander, Peffer, Knuewelek, roude Wäin an alles wat “häerzhaft” mécht. Duerch d’Reecheren kritt et dann nach de gurmangsege fuméierte Geschmaach an as méi wéi ideal fir de Lëtzebuerger beim Béier. Ma ët geet wéi ëmmer erëm vu ranzeger Sidor-Strull bis hin zum feinste Fleesch-Täissel aus der Regioun. Bei eng 20 Metzler ware mer dësen traditionelle Lëtzebuerger Wupp sichen.

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn: wann ee senger Madamm e gereecherte Fleesch-Bengel als Owesiesse fir ze knabbere proposéiert, da muss dat Stéck schéi sinn: zaartrout, stramm a laang, mat net ze vill fettege Waarzelen iwwerall drop, jo frësch a knackeg muss déi Zoossiss ausgesinn soss gëtt et kee Rëndelchen. Hei ass et gaangen vu groem Trauerspill (wat awer ze verstoen ass) bis hin zu perfekter Kombinatioun vun zaarter Haut an déifroudem Spektakel fir geckeg ze ginn.

Dann de Geroch: wann déi laang Staang mol bis opgeschnidden ass, soll et no edlem-würzegen gereecherte Wupp richen an net no Endstadium an der Geriatrie. Hei si mer och op de Buedem gefall, bei deenen engen duechte mer echt do wier d’Läich aus dem leschten Tatort dra verschafft ginn, bei deene beschten huet den hausmaacher Reecherdamp an d’Kraidersymphonien un eiser Nues gekëddelt.

Dann natierlech de Geschmaach: déi schlëmm wéi wann een eng Scheif ranzege Schmant géif knabberen, o mäi Gott, séier fort domadder, do wollt ee seng Rechter lass ginn, a bei den Zoossiss-Kinneken huet een halt gespiert dat Léift a gutt Fleesch dran ass, an eng glécklech a generéis Hand mam Wäin a Kraider a Knuewelek um Wier war. Kee Gewurschtels ma Raffinéiertes.

Natierlech hu mer och de Präis gekuckt, an hei geet et vun 13 bis 42 Euro de Kilo…et verkafen also och verschiddener Zoossiss zu Kaviar-Präisser, opgepasst, do kann et virkommen dat ee fir e Rëndelche mol dem Banquier muss uruffe wëll d’Kaart gespaart gouf. Hei sinn eis Zoossiss-Resultater 2018!

*

Hei eise Ranking:

Den Emo huet déi beschte Lëtzebuerger Zoossiss 2018

#1 Emo

#2 Cactus

#3 Meyrer

#4 Kappler

#5 Carlo Kap

#6 Hans Wirth

#7 Steffen

#8 Metzlerei bei der Bréck

#9  Wolff

#10 Meunier

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte lëtzebuerger Zoosiss 2018

***

TOP10 N°21 : De beschte Lëtzebuerger Gin 2018

Enn 1999 huet déi schottesch Familljenentreprise an Alkohols-Multinationale William Grant & Son den Hendriks Gin erfonnt. Obwuel op der cooler Fläsch mam hippen Apdikteschs-Look  steet dat et dësen Gin säit 1886 gëtt, ass et eng perfekt Marketing Erfindung déi eng ganz Alkoholskategorie, déi e schlechte Ruff hat a viru sech hi gegammelt ass, revolutionéiert. D’Marketingsleit bei William Grant hu Folgendes gemaacht: sténknormalen Gin (e bëllege Fusel deen aus 40° gebranntem Alkohol besteet, genau wéi Vodka, a mat Wakelter ugesat ass, dëst am Distilats-Damp oder matgebrannt) mat Concomber a Rouseblieder aromatiséiert fir de Geschmaach schéi ronn ze maachen, dat ganzt an eng donkel Fläsch mat enger Etikett déi vintage-chick ausgesäit ofgefëllt, e bëssi verréckten engleschen Monthy Python Humor op soziale Medien…an d’Fläsch duebel sou deier wéi all aneren Gin an d’Regaler geknallt. Et sollt e grousse Succès ginn. Et war d’Gebuertsstonn vun de sougenannten Boutique-Gin’en, a wien haut net selwer en Gin mat iergend engem funky Numm brennt ass jo awer wierklech en absolute Looser.

Zu Lëtzebuerg ass dësen Trend 20 Joer drop och endlech ukomm, a mëttlerweil hu mer am Ländche schonn 8 verschidden Gin’en, méi wéi mer Kachkéis’Marken hunn. Meeschtens sinn et Brennerei’en déi op den Zuch opklammen, oder Sauf-Kollegen déi aus enger Schnapsiddi Realitéit maachen, an dëst mat Loscht a Leidenschaft. Et ass am Trend erëm Saache sëlwer ze maachen, an duerfir hu mir als Top 10 dësen nationalen Gin-Hype op de Leescht geholl. Mir hunn déi lëtzebuerger Gin’e pur a mat Fever Tree Tonic Water geschmaacht…den Gin ass deemools iwwregens a séisst Spruddelwaasser mat Quinine geschott gi fir de battere Geschmaach vun deem anticken anti-Malaria Mëttel Quinine ze iwwerdecken.

*

Hei eis Critèren:

De Geroch: wëll Wakelter eppes net sou Renges ass woumatter fréier virun allem agematent Fleesch aromatiséiert gouf an als Medezin géint Gelenkkrankheete bekannt war, sin eis nei Gin-Druiden kreativ ënnerwee a brennen als autoproklaméiert Kraider-Hexen allerlee Blieder, Bieren an Friichten mat an hiren Gin…wat allerdéngs net ëmmer geléngt. Sou geet de Geroch vum ultra-schaarfen Desinfizéierungsspräy géint Zombie-Attacke bis hin zum verdreemte Spadséiergang am Kraider-Eden wou ee mengt dat mat frësch-würzegem Polle gefiddert Doft-Päipeldéieren engem an der Nieschen e Wiener Walzer danzen.

Dann de Geschmaach pur, ouni näischt dobäi: fréier gouf Gin, sou wéi den alen hollännesche Genever, deen dem Gin säin Numm iwwregens ginn huet, oft pur gedronk als Digestif fir d’Verdauung unzekuerbelen. An och hei geet et vun Scheiwewäschmëttel-Dramatik bis hin zu engem raffinéiert-liichte Kraider-Gaudi dee Loscht op méi mëscht.

Wat bei Drëppen ëmmer wichteg ass: brennt se no? Bei verschidden Gin’en ass engem d’Strass verbrannt, mir hu missen d’Protex komme loosse sou schlëmm war et, während aner Distilater d’Strass erofgaange si wéi eng zaart-waarm Fréijoers-Lëftchen.  Dat schwéierst ass natierlech wéi dat ganzt mam Tonic Water harmonéiert a reagéiert: oft subliméiert an devoiléiert sech en Gin eréischt hei richteg. All eis Tester goufe mam selwechte Ratio Tonic/Gin a mam selwechte Fever Tree gemixt, mat Äis. Hei ass et gaange vun absoluter Null-Nummer dee just no sabbelegem Fever Tree schmaacht bis hin zu ganz faszinanten blummeg-frësch-naschelegen Iwwerraschungen op déi een net getippt hätt.

Och de Präis hu mer gekuckt, wëll och wann se all schéin Etiketten op hier Fläsche maachen, fale mer jo net just op d’Verpackung eran.

A propos Verpackung: nom Testen hu mer eis och nach de Packaging ugekuckt, an de Look vum ganzen och nach jugéiert. Liest elo hei wien den Gin-Kinnek vu Lëtzebuerg ass:

 *

Hei eise Ranking:

Den Opus ass de beschte Lëtzebuerger Gin 2018

#1 Opus

#2 Ginix (Cactus Special Edition)

#3 Twin Gin

#4 Mansfeld

#5 Ginix

#6 M Gin

#7 Grubers (vermaart zu Lëtzebuerg an der Belsch agefëllt)

#8 Diedenacker

*

 De ganzen Detail fannt dir hei:

De beschte Lëtzebuerger Gin 2018

*

*

*