Schockelasbotter

TOP10 N°20: Dee beschte Lëtzebuerger Schockelasbotter 2017

Wee souz net schon am Pyjama virun der Telé am kaalen Hierscht wann et dobausse gestiermt a geblosen huet mat engem groussen Dëppen Nutella an huet dat als Anti-Dépri-Zaubertrank eragefeiert? Moies, knapps aus de Lompen, op frëschem wäissem Toast-Brout eng zaart Couche vun dëser verzauberter nosseger Schockelas-Crème iessen, wat begiert d’Häerz méi? Ferrero as natierlech elo an de Schlagzeilen, well se mat hirem Palm-ueleg Problemer maachen, well se – oh wat eng Iwwerraschung – immens vill Zocker an hire Blockbuster schëdden, an anscheinend elo och nach den Noss-Maart zum biewe bréngen. Ma wat soll et, mir sinn all süchteg.

Mir hu 14 lëtzebuergesch Schockelasbottere getest. Fir eis war wichteg dat Hieselnëss dra sinn, fir dee wahnsinnëch sensuellen Praliné’s Geschmaach erëmzefannen. Verschidde Bäcker produzéieren des raffinéiert Schockelas-Crème och zesummen, a fëllen se an hier jeeweileg Dëppercher of.

*

Eis Critèren:

Ass et net ee vun de gréissten Dram’en op der Welt wann iergend een Topert de Schockelasbotter an de Frigo stëllt, an et kritt ee fir d’Frecke kéng sérieux Schmier domadder gestrach? Amplaz zerrappt een d’Kuuscht an d’Schmier gesäit aus wéi e Minnefeld zu Verdun. Schockelasbotter muss chambréiert sinn, an d’Konsistenz, eisen éischte Critère, muss perfekt sinn: net ze haart, wéinst uewe genanntem Problem, a virun allem och net ze flësseg, wëll de Genoss soss vun der Schmier eroofdrëppst an d’frësch gewäschen a gestreckten Napp vun der Bomi zersaut, et huet ee mol nach net an seng Schoko-Fantaisie gebass. Mir mussen zouginn dat grouss Patissier’en dës Konsistenz net hikréien, an sech esou automatesch aus dem Ranking ausgeschloss hun, obwuel se e ganz gudde Geschmaach haten. Et muss wéi mëlle Botter sinn, net wéi haart Wichs oder leefegst Frittefett.

Dann den Zockergehalt: verschidde Schockelasbotteren hate méi eppes ze di mam Jean-La-Gaufre senger Zockerliwwerung op der Fouer wéi mat Schockela! Do gëtt et engem waarm-kal, de Kapp gëtt waarm a schwéier, den Zockerspigel dréit d’Rad an d’Insulin-Sprëtz misst séier erbäi wéinst dem exzessiven Zocker-Gehalt. Oder et as net séiss genuch, an et schmaach no raapegem Lindt 90% extra-trocken, wou de Mond sech zesummenzitt vum drëche-battere Geschmaach.

Dann den drëtten a wichtegste Critère: d’Geschmaachsharmonie: hei geet et drëms dat d’Hieselnoss, de Kakao an d’Fett eng perfekt Geschmaachs-Fusioun maachen, wou allmënsch säi Wuert ze soen huet an allmënsch matenee schafft fir d’Schokelasbotter-Erliefnis an eng richteg Extase ze verwandelen. D’Nëss mussen aus dem Piemond sinn, fir dat extra häerzhaft-botteregt a liicht battert Aroma ze hun. Beim Kakao muss een den Otem vum Kakao-Bauer nach héieren wann een d’Dëppchen opmécht, an et däerf een net mat sabbelegem industrielle Macao-Pudder aus dem Discounter enttäuscht ginn. An dann de Botter: oh mei, d’Gängster benotzen sabbelegen Colza-Ueleg oder soss rabbeleg Palmuelege fir hier Muss bëlleg ze strecken an ze tricksen, de Profi hëlt richtege Botter, an dat schmaacht een och: wann déi Noss-Extravaganza mat richtegem Botter op de Palais kënnt, da kann et stierme, reenen, de Partner ka granzen, alles ka geschéien, ma et as een einfach just…frou. Wann der verluer sidd, hei eng einfach Léisung: wat d’Inhaltslëscht méi kuerz as, wat de Schockelasbotter besser as.

Och de Präis pro Kilo hu mer natierlech considéréiert.

*

Hei eise Ranking:

De Christian Schumacher huet de beschte Lëtzebuerger Schockelasbotter 2017

#1 Christian Schumacher

#2 Genaveh

#3 Hoffmann

#4 Pain de Mary (hell)

#5 Cayotte

#6 Mosella

#7 Schock

#8 Namur

#9 Chocolat du coeur

#10 Pain de Mary (donkel)

Mir hu beim akafen festgestallt dass den Schockelasbotter vum Christian Schumacher, vum Pain de Mary (hell) a vum Mosella am nämmlechten Dëppen verkaf ginn, an och beim schmaachen hunn sech déi Schockelasbotteren vill geglach an dunn déi nämmlecht Notten erginn, just beim Präis/kg hunn sech déi 3 Schockelasbotteren ënnerscheed, an dofir stinn se och am Klassement op verschidden Plazen.

De ganzen Detail fannt dir hei:

Dee beschte Schockelasbotter 2017

*

*

*