Pils

TOP10 N°17: De beschte Lëtzebuerger Pils Béier 2017

“Onsen Humpen as gutt!”

Et gëtt just ee Saaft zu Lëtzebuerg dee vun den Engelcher gebraut gët, an dat as eise Béier. Eis Glieseschmier. Béierbrauen as erëm voll am Trend, all Dag mëscht een eng nei Micro-Brauerei op an der Gewaan, mat laang vergiessenem Happ oder neientdecktem Malz, no Hipster-like Indian Pale Ale Rezeptur, gezwickelt, gerëffelt, geréiert, mat an ouni Schaum, mat Zitrounejus oder Friichten, an dëslecht souguer mat enger fuusseger Approche mat manner Kalorien, fir d’V-Shape-Fetischisten. Fréier goufen et etlech Brauereien am Land, haut streiden sech zwou grousser mateneen, eng privat Gréng an eng belsch-brasilianesch börsecotéiert Blo, an e klenge wëlle Gallier aus dem héijen Norden raumt vun hannen op. D’Lëtzebuerger saufen am léifsten Pils, a soss näischt. Wann ee bedenkt dat déi nei Craft-Béier (dat si Spezial-Béier déi exklusiv vu klenge Familjebrauereien gebraut ginn) schon 12% Part de Marché an den USA hun, da si mir erëm Liichtjoren hannendrun am Ländchen…ma och hei wäert d’Rad iergendwann weiderdréien wann d’Konzessiounsgesetz bis eng Kéier fält an all Bistrotier dat däerf verkafen wat d’Leit wëllen, an net dat wat e muss an der Zap hun fir d’Konzessioun ze kréien.

Well Pils zu Lëtzebuerg doheem as, hu mir just Pils Béier getest déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn.

 

*

Eis 4 Critèren:

Kënnt der dat Gefill wann de Wiert mam ugelafene Glas Béier op den Dësch kënnt, wou et pärelt, wou den naasse wäisse Schaum sou erotesch ronderëm de glënnerege gëllenen Zylinder eroofdrëpst ? Jo, da fänkt een un de Feierowend ze spieren, da weess een, lo as alles gudd, lo si mer relax, lo kommen d’Engelcher engem gläich an d’Strass seechen.

D’Faarw an d‘Ausgesi vum Béier as wichteg, wëll dëse gëllenen Elixir, dee sou häerzlech wëll spruddelt wéi eng fei Coupe Schampes op enger Kinneks-Hochzäit, dee bedeit Freet, Stëmmung an Ausspanen. Duerfir hu mer eis gesot, wat méi schéi sonneg a waarm gëllen, an net blatzeg-pipi-giel, wat besser.

Duerno de Geroch. Eis Nieschen géife mer zwar gären an de Malzjus stiechen, ma se därf en oft just richen éier en am Mond an an der Strass as. E frësch gezaapten Béier oder ee gudde Killen aus der Fläsch muss no rengem Happ a Malz richen, liicht a frësch, pickeg a knackeg, herb a kribbeleg, an net ranzeg no ofgelafem Kéis an oofgestanenem Bécksebéier.

Schlussendlech dat wichtegst: de Geschmaach. Hei as allmënsch Expert, vu Jonk bis Aal, vun Männlein bis Weiblein,allmënsch huet eng Meenung, an zwar déi richteg, an et gëtt keen am Land deen net vun deem oder deem anere Béier immens Kappwéi kritt, wëll en „net gutt“ as. Mir hun einfach gekuckt wéi ronn de Geschmaach as, wéi ausgeglach en as, wéi laang en am Mond bleift, wéi fein en erofgeet, wéi erfrëschend an agreabel d’Drénk-Experienz war, an du sinn halt verschidde Resultater erauskomm mat deenen 99% vun de Leit sécher elo net averstanen sinn,wëll se aneres gewinnt sinn, ma et as wéi et as.

Mir wënschen iech e gudde Prost-Santé an eng schéi Vakanz!

*

Hei eise Ranking:

De Battin as de beschte Lëtzebuerger Pils Béier 2017

#1 Battin

#2 Diekirch

#3 Bofferding

#4 Clausel

#5 Mousel

#6 Fox

#7 Simon

 

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Pils

*

*

*