Bretzel

*

TOP10 N°15 : Déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017

 “Oh meng Maischen…wëlls du u menger Bretzel knabberen?” wäerten nächste Sonndeg etlech jonk Borschten hiren Prinzessinnen an d’Ouer pësperen, mat enger frëscher Bretzel am Grapp, an heemlech hoffen bei der Maischen am Haischen ze landen. Fir dat der sécher sidd dat aus deem romanteschen Plang keen grimmleschen Drama aus dräi Akte gëtt (schlecht Bretzel – Fouss an d’Këscht – virun der Dir), ware mir bei 32 Bäcker fir ze kucke wou et da lo déi beschte Bretzel gëtt. Dës al Traditioun, déi ëmmer zum véierte Sonndeg vun der Faaschtenzäit zu Lëtzebuerg zelebréiert gëtt, gëtt vun den Industrie-Bäcker grouss opgezunn, mat allerlee komesche Spiller an Animatiounen, ma och bei de klassesche Bäcker kritt ee Bretzelen an alle Variatiounen, mat Fëllungen déi wäit ewech vum Faaschten sinn. Mir hunn eis natierlech just op de Klassiker, déi kleng Bretzel ouni Fëllung, konzentréiert.

*

Eis Critèren:

Fir dat d’Maischen de Bouf iwwerhaapt doheem eraléisst muss d’Bretzel gutt ausgesinn, wëll wann dat sou en aarme Kéipchen Eelend ass, knapps gebak, oder eng messlonge Kräizung tëscht Aachtchen, Croissant an Trëtz déi och nach vum Bäckesch-Dësch erofgebonzelt ass, da brauch der iech näischt ze erwaarden. Schéi Forme muss se hunn, symmetresch, mat Léift geluecht, net ze grouss an net ze kleng, mat feine knackege Mandel-Splitter déi op der leefeger Zockerglasur trounen, stramm, liicht brong gebrannt ma net zevill, jo wéi den Här aus der Cola Light Reklamm, et muss ee Loscht hunn dran ze bäissen.

Oh a wann d’Maischen déi frësch Bretzel an de Mond hëlt, dann muss se fest sinn, net ze zéi, fei botteresch a lëfteg, ma mam néidege Bëss fir dat dat ganzt sech net zersetzt wéi e Sandschlass. D’Harmonie vum Deeg ass schwiereg, well sou kleng Bretzelen gi schlecht al, ma bei gudde Bäckere läit se ni laang. Déi industriell Bretzelen, déifgefruer an am Buttek fäerdeggebaak haten e schwéiere Stand, wëll den Deeg immens zéi oder al geschmaacht huet…eng Bretzel soll kéng zéi Louder sinn!

Dann de Geschmaach: nondikass, et géif een et net mengen ma hei ginn et immens Ënnerscheeder. Verschidde schick Bäckeren an der Stad mat belschem Numm verfeineren hier Bretzel mat Kanéil-Pudder, da kritt se direkt en onheemlechen Christmas-Flair, deen ee gär huet…oder net. Vun recycléiertem Kompost-Koup Deeg ouni Charakter, liicht ranzeg, mat alem Miel, bis hin zu Symphonie vu Botter, Ee, Mandel-Splitt, dat ganzt mat glëschteregem Zocker-Goss iwwerstrach, ei do glucks d’Maische vu Freed, do geet d’Bretzel fein erof, an de Bouf kritt em Ouschteren déi schéinsten déck Eeër zeréck geschenkt!

Natierlech well de Bouf kee Prêt ophuele fir der Madame eng Bretzel z’offréieren: duerfir hu mer eis d’Präisser op de Kilo och genee ugekuckt!

*

Hei eise Ranking:

De Bäcker Hoffmann vu Bouneweg huet déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017!

# 1 Hoffmann

# 2 Schiltz

# 3 Yves Rieffer

# 4 Arens

# 5 Cathy Goedert

# 6 Schumacher

# 7 Fischer

# 8 Oberweis

# 9 Christian Schumacher

# 10 Drebenstedt

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017

*

*

*