Eis Top10 ’17

TOP10 N°20: Dee beschte Lëtzebuerger Schockelasbotter 2017

Wee souz net schon am Pyjama virun der Telé am kaalen Hierscht wann et dobausse gestiermt a geblosen huet mat engem groussen Dëppen Nutella an huet dat als Anti-Dépri-Zaubertrank eragefeiert? Moies, knapps aus de Lompen, op frëschem wäissem Toast-Brout eng zaart Couche vun dëser verzauberter nosseger Schockelas-Crème iessen, wat begiert d’Häerz méi? Ferrero as natierlech elo an de Schlagzeilen, well se mat hirem Palm-ueleg Problemer maachen, well se – oh wat eng Iwwerraschung – immens vill Zocker an hire Blockbuster schëdden, an anscheinend elo och nach den Noss-Maart zum biewe bréngen. Ma wat soll et, mir sinn all süchteg.

Mir hu 14 lëtzebuergesch Schockelasbottere getest. Fir eis war wichteg dat Hieselnëss dra sinn, fir dee wahnsinnëch sensuellen Praliné’s Geschmaach erëmzefannen. Verschidde Bäcker produzéieren des raffinéiert Schockelas-Crème och zesummen, a fëllen se an hier jeeweileg Dëppercher of.

*

Eis Critèren:

Ass et net ee vun de gréissten Dram’en op der Welt wann iergend een Topert de Schockelasbotter an de Frigo stëllt, an et kritt ee fir d’Frecke kéng sérieux Schmier domadder gestrach? Amplaz zerrappt een d’Kuuscht an d’Schmier gesäit aus wéi e Minnefeld zu Verdun. Schockelasbotter muss chambréiert sinn, an d’Konsistenz, eisen éischte Critère, muss perfekt sinn: net ze haart, wéinst uewe genanntem Problem, a virun allem och net ze flësseg, wëll de Genoss soss vun der Schmier eroofdrëppst an d’frësch gewäschen a gestreckten Napp vun der Bomi zersaut, et huet ee mol nach net an seng Schoko-Fantaisie gebass. Mir mussen zouginn dat grouss Patissier’en dës Konsistenz net hikréien, an sech esou automatesch aus dem Ranking ausgeschloss hun, obwuel se e ganz gudde Geschmaach haten. Et muss wéi mëlle Botter sinn, net wéi haart Wichs oder leefegst Frittefett.

Dann den Zockergehalt: verschidde Schockelasbotteren hate méi eppes ze di mam Jean-La-Gaufre senger Zockerliwwerung op der Fouer wéi mat Schockela! Do gëtt et engem waarm-kal, de Kapp gëtt waarm a schwéier, den Zockerspigel dréit d’Rad an d’Insulin-Sprëtz misst séier erbäi wéinst dem exzessiven Zocker-Gehalt. Oder et as net séiss genuch, an et schmaach no raapegem Lindt 90% extra-trocken, wou de Mond sech zesummenzitt vum drëche-battere Geschmaach.

Dann den drëtten a wichtegste Critère: d’Geschmaachsharmonie: hei geet et drëms dat d’Hieselnoss, de Kakao an d’Fett eng perfekt Geschmaachs-Fusioun maachen, wou allmënsch säi Wuert ze soen huet an allmënsch matenee schafft fir d’Schokelasbotter-Erliefnis an eng richteg Extase ze verwandelen. D’Nëss mussen aus dem Piemond sinn, fir dat extra häerzhaft-botteregt a liicht battert Aroma ze hun. Beim Kakao muss een den Otem vum Kakao-Bauer nach héieren wann een d’Dëppchen opmécht, an et däerf een net mat sabbelegem industrielle Macao-Pudder aus dem Discounter enttäuscht ginn. An dann de Botter: oh mei, d’Gängster benotzen sabbelegen Colza-Ueleg oder soss rabbeleg Palmuelege fir hier Muss bëlleg ze strecken an ze tricksen, de Profi hëlt richtege Botter, an dat schmaacht een och: wann déi Noss-Extravaganza mat richtegem Botter op de Palais kënnt, da kann et stierme, reenen, de Partner ka granzen, alles ka geschéien, ma et as een einfach just…frou. Wann der verluer sidd, hei eng einfach Léisung: wat d’Inhaltslëscht méi kuerz as, wat de Schockelasbotter besser as.

Och de Präis pro Kilo hu mer natierlech considéréiert.

*

Hei eise Ranking:

De Christian Schumacher huet de beschte Lëtzebuerger Schockelasbotter 2017

#1 Christian Schumacher

#2 Genaveh

#3 Hoffmann

#4 Pain de Mary (hell)

#5 Cayotte

#6 Mosella

#7 Schock

#8 Namur

#9 Chocolat du coeur

#10 Pain de Mary (donkel)

Mir hu beim akafen festgestallt dass den Schockelasbotter vum Christian Schumacher, vum Pain de Mary (hell) a vum Mosella am nämmlechten Dëppen verkaf ginn, an och beim schmaachen hunn sech déi Schockelasbotteren vill geglach an dunn déi nämmlecht Notten erginn, just beim Präis/kg hunn sech déi 3 Schockelasbotteren ënnerscheed, an dofir stinn se och am Klassement op verschidden Plazen.

De ganzen Detail fannt dir hei:

Dee beschte Schockelasbotter 2017

*

*

*

 

TOP10 N°19: Déi beschte Lëtzebuerger Lyoner 2017

Am Kader vum Hugh Hefner sengem Gang iwwert de Jordan hu mir geduecht mir missten eppes testen wat eng Referenz op eise Bunny-Chef géif duerstellen: vu dass zu Lëtzebuerg Huesen-Ziwi kéng Alternativ war, hu mer eis décksten a längste Wurscht, d’Lyoner, getest.

D’Lyoner, wuel déi gréisste gekréngelt Zoossiss déi hannert der Metzlesch’s Théik läit, ass zu Lëtzebuerg virun allem fir d’Lyoner-Schmiere bekannt. A ween huet nët fréier als Kand e Rëndelche kritt an deen häerzhaft gejickt während d’Mamm d’Cordon Bleu’en agepaakt krut vum schwéieren Här Metzler am wäisse Schiertech mat de ville komesche roude Flecken. Dës Schwéngswurscht, a Frankräich als Cervelas bekannt, kënnt och gutt an Zaloten, wëll se ass schéi salzeg, oft liicht ma häerzhaft gewierzt a fäi gereechert.

Mir wore bei – haalt iech un – 29 verschidde Metzler uechter ganz Lëtzebuerg fir dës riseg Boa u Schwäins-Wurscht sichen ze goen. Et gëtt ëmmer gemunkelt dass etlech Hären mat deem zolitten Täissel eppes kompenséiere mussen, ma dat si wuel just aarmséileg Rumeuren!

*

Wat waren eis Critèren?

D’Ausgesinn hu mer nët jugéiert, well oft kommen d’Lyoner ënner Schrumpffolië, an da gesäit se scho vill méi komesch aus wéi eng déi fräi kann ootmen. Sou Zoossissen sinn halt nët gären am enke Plastiks-Pyjama agepaakt.

Wat vill méi wichteg ass fir eis, dat ass de Geroch! Sou eng Zoossiss muss einfach nëmme gutt häerzhaft richen, no feinem Fleesch, Kardamon, Knuewelek, Ënnen…jo alles wat d’Lëtzebuerger Schlemmer-Maule begieren. Beim Geroch ass et gaangen vun doudeger Rat déi am ranzeg-schmantege Frittefett ersoff ass bis hin zu engem raffinéierte Parfum vu Peffer, Muskat a nach allerlee aus dem Kraidergaart, dat Ganzt veredelt a subliméiert mat excellent holzegem Nordmann-Tannen-Damp gereechert, wéi fréier aus der Haascht…d’Nieschen hat scho bal Loscht matzefrupsen.

Dann d‘Konsistenz: hei ass engem heiansdo d’Fett schonns duerch d’Nues erauskomm an d’Fleesch huet probéiert sech duerch d’Bascht ze man wéi et konnt, eng absolut Katastrof, schwabbeleg a versifft. Déi gutt haten eng bëssfest-knackeg Konsistenz wéi sou en zolitte Wupp halt muss hunn: e muss stramm widderstoen wann een drop bäisst ma dach op der Zong schmëlze wann een e bis laang am Mond huet.

Dat wichtegst: de Geschmaach! Oh meng Moodi wat en Zodi! Mir hu wierklech heiansdo geduecht verschidde Metzler hätten hire Rescht Schmant ugeréiert mat Fleesch-Offall, an einfach vill Nitrat-Salzer dobäi gejummt, sou ruckelzeg waren déi schlechsten. Déi beschte Lyoner schmaacht no frëschem grunzege Schwäin, all d’Kraider danzen engem een nom aneren ronderëm d’Sënner, an et huet ee just nach Loscht déi ganz Wurscht erof ze jicke sou raffinéiert kënnt se riwwer.

Och de Präis pro Kilo hu mer natierlech considéréiert, wëll e Rëndelche wor jo fréier genuch, ma haut hätte mer gären oft e ganze Krantz vun dem zolitte Wupp, an dat ouni sech zu ruinéieren! Mir musse soen dass den alen Hugh stolz op eis Lëtzebuerger Lyoner ka sinn, mir mussen eis nët verstoppen a kënne mat him mathalen!

*

Hei eise Ranking:

Den Cactus huet déi beschte Lëtzebuerger Lyoner 2017

#1 Cactus

#2 Clement

#3 Osweiler

#4 Kirsch

#5 Ettelbrécker Schluechthaus

#6 Steffen

#7 Paul Haag

#8 Scharpantgen

#9 Bei der Bréck

#10 Sauber

De ganzen Detail fannt dir hei:

Top10 Lyoner 2017

*

*

*

TOP10 N°18: Déi beschte Lëtzebuerger Vanills-Eclair 2017

Si as grad zu Paräis den absoluten Hype, fesch Buttéker wou et just em si geet schéissen aus dem Buedem wéi Onkraut. Et gëtt se an alle Faarwen, mat alle Fëllungen, kuerz, laang a souguer extralaang, et as e bëssi d’Groussmamm vum Macaron. Vill schmanteg-vanillesch Crème Patissiere eragedruddelt an eng laang-lëfteg Pâte à choux, déi wéi de Blëtz erof gejickt as: dat sinn eis Liibling’s Vanills-Eclair’en. Den Numm kënnt anscheinend och dovunner dat een se sou séier ësst wëll se sou gutt sinn. A mir kenne keen deen se propper iesse kann ouni sech total ze begladderen mam Pudding…et huet och eppes liicht Kribbleges wann d’Madame sech d’Eclair gutt a laang schmaache léisst.

Mir hun eis op d’Vanill’s Eclair konzentréiert, well et déi meeschtverkaaften as an och de Klassiker. Wëll mer am Summer getest hun ware leider vill Bäcker am Congé Annuel, ma mir hun et trotzdeem geschafft bei 25 Bäcker uechter d’ganz Land ze düsen…an oft hate se mol keng 2 Stéck méi moies um 10!

*

Eis Critèren:

D’Ausgesinn as immens wichteg. Eng Eclair as eppes Edeles, e bessi ëppes wéi d’verwinnte Kinnigin vun allen Kaffiskichelcher. Graziéis ma determinéiert, elegant ma oft launesch, a gefëllt mat just de beschte leefege Saachen. Leider hu mer der vill gesinn do duechte mer de Bäckermeeschter wier op Ecstasy gewiescht sou verschrompelt a kromm waren se geroden. Och d’Zockerglasur muss regelméisseg a propper ausgesinn, wéi e perfekten Irokese-Schnëtt  vum Jacques Dessange himself gemaacht.

Da wann een drabäisst muss den Deeg schéi frësch a lëfteg sinn, d’Zänn mussen doduercher fuere wéi duerch eng zaart Loft-Häitchen, an et soll net eng zéi Liederhaut sinn, déi no brongem Kartong aus dem Recycling schmaacht.

An d’Fëllung. Dat as ëmmer d’Surprise. D’Eclair as jo en Dessert an zwou Etappen, et weess een nie wat een erwaart ma et erhofft een just dat Bescht. Hei geet et vun ruppeger Industrie-Pudding Fëllung déi wéi giel gefierften Klärschlamm schmaacht bis hin zum rengste Crème-Orgasmus mat Vanills-Kären veredelt, mat frëschen Eeër gemaacht wou d’Hong nach quasi aus der Eclair gluckst, an sou zaartséiss, ei et leeft engem just sou laanscht de Mond erof vu Gléck.

Dann d’Harmonie vun allem, wëll wann een an dat laangt schéint Stéck bäisst, an d’häerzhaft Glasur sech mam réngen Deeg an der sonneger Crème am Mond mëschen, da muss et zu enger klenger kulinarescher Explosioun um Gomm kommen, an net just no deem engen oder deem aneren Extrakt schmaachen!

Schlussendlech wéi ëmmer de Präis pro Kilo. Obwuel ee weess dat sou eng Kinnigin “High Maintenance” as, well een se jo och gären deelen mat ville Leit, wëll laang Saache schmaachen am beschten wann een se zu zwee schneekt an oft dru ka goen!

*

Hei eise Ranking:

Den Brisbois huet déi beschte Lëtzebuerger Vanills-Eclair 2017

Mir mussen awer drop opmierksam maachen dass déi 5 éischt am Klassement ganz enk beieneen leien (Note tëscht 3,55 an 3,59)

#1 Brisbois

#2 Christian Schumacher

#3 Mosella

#4 Bartholomé

#5 Hoffmann

#6 Marc Scheer

#7 Schumacher

#8 Jos a Jean-Marie

#9 Yves Rieffer

#10 Ronde des pains

De ganzen Detail fannt dir hei:

Top10 Vanills-Eclair 2017

*

*

*

TOP10 N°17: De beschte Lëtzebuerger Pils Béier 2017

“Onsen Humpen as gutt!”

Et gëtt just ee Saaft zu Lëtzebuerg dee vun den Engelcher gebraut gët, an dat as eise Béier. Eis Glieseschmier. Béierbrauen as erëm voll am Trend, all Dag mëscht een eng nei Micro-Brauerei op an der Gewaan, mat laang vergiessenem Happ oder neientdecktem Malz, no Hipster-like Indian Pale Ale Rezeptur, gezwickelt, gerëffelt, geréiert, mat an ouni Schaum, mat Zitrounejus oder Friichten, an dëslecht souguer mat enger fuusseger Approche mat manner Kalorien, fir d’V-Shape-Fetischisten. Fréier goufen et etlech Brauereien am Land, haut streiden sech zwou grousser mateneen, eng privat Gréng an eng belsch-brasilianesch börsecotéiert Blo, an e klenge wëlle Gallier aus dem héijen Norden raumt vun hannen op. D’Lëtzebuerger saufen am léifsten Pils, a soss näischt. Wann ee bedenkt dat déi nei Craft-Béier (dat si Spezial-Béier déi exklusiv vu klenge Familjebrauereien gebraut ginn) schon 12% Part de Marché an den USA hun, da si mir erëm Liichtjoren hannendrun am Ländchen…ma och hei wäert d’Rad iergendwann weiderdréien wann d’Konzessiounsgesetz bis eng Kéier fält an all Bistrotier dat däerf verkafen wat d’Leit wëllen, an net dat wat e muss an der Zap hun fir d’Konzessioun ze kréien.

Well Pils zu Lëtzebuerg doheem as, hu mir just Pils Béier getest déi zu Lëtzebuerg produzéiert ginn.

*

Eis 4 Critèren:

Kënnt der dat Gefill wann de Wiert mam ugelafene Glas Béier op den Dësch kënnt, wou et pärelt, wou den naasse wäisse Schaum sou erotesch ronderëm de glënnerege gëllenen Zylinder eroofdrëpst ? Jo, da fänkt een un de Feierowend ze spieren, da weess een, lo as alles gudd, lo si mer relax, lo kommen d’Engelcher engem gläich an d’Strass seechen.

D’Faarw an d‘Ausgesi vum Béier as wichteg, wëll dëse gëllenen Elixir, dee sou häerzlech wëll spruddelt wéi eng fei Coupe Schampes op enger Kinneks-Hochzäit, dee bedeit Freet, Stëmmung an Ausspanen. Duerfir hu mer eis gesot, wat méi schéi sonneg a waarm gëllen, an net blatzeg-pipi-giel, wat besser.

Duerno de Geroch. Eis Nieschen géife mer zwar gären an de Malzjus stiechen, ma se därf en oft just richen éier en am Mond an an der Strass as. E frësch gezaapten Béier oder ee gudde Killen aus der Fläsch muss no rengem Happ a Malz richen, liicht a frësch, pickeg a knackeg, herb a kribbeleg, an net ranzeg no ofgelafem Kéis an oogfestanenem Bécksebéier.

Schlussendlech dat wichtegst: de Geschmaach. Hei as allmënsch Expert, vu Jonk bis Aal, vun Männlein bis Weiblein,allmënsch huet eng Meenung, an zwar déi richteg, an et gëtt keen am Land deen net vun deem oder deem anere Béier immens Kappwéi kritt, wëll en „net gutt“ as. Mir hun einfach gekuckt wéi ronn de Geschmaach as, wéi ausgeglach en as, wéi laang en am Mond bleift, wéi fein en erofgeet, wéi erfrëschend an agreabel d’Drénk-Experienz war, an du sinn halt verschidde Resultater erauskomm mat deenen 99% vun de Leit sécher elo net averstanen sinn,wëll se aneres gewinnt sinn, ma et as wéi et as.

Mir wënschen iech e gudde Prost-Santé an eng schéi Vakanz!

*

Hei eise Ranking:

De Battin as de beschte Lëtzebuerger Pils Béier 2017

#1 Battin

#2 Diekirch

#3 Bofferding

#4 Clausel

#5 Mousel

#6 Fox

#7 Simon

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 Pils

*

*

*

TOP10 N°16: Déi bescht Mettwurscht 2017!

Et as wéi d’Mod déi um Enn vum Danz-Owend nach eleng do steet well kee se wollt: d’Mettwurscht um Grill. Fetteg-ranzeg, ëmmer ze waarm, se brauch endlos bis se duerch ass, et facht een aus der Maul wéi eng Kou aus dem A….ma dach si mir Lëtzebuerger an dëst “Biest” vum Barbecue méi anenee verléift wéi mer mengen, wëll bei engem Béier as eng Mettwurscht ëmmer nach dat bescht. Mir ware bei 27 Metzler luussen a froen fir hier Mettwurscht ze kréien, a mir hun se all gegrillt, mat ganz vill Damp, well sou e Metti dee sprëtzt méi Fett um Grill wéi eng Bewässerungsanlag Waasser op d’Stéck. Ma wéi ee Wupp war da lo de beschte bei eisen 27 Shades of Metti?

*

Eis 4 Critèren:

De Geroch: e Metti as  bëssi wéi den décken ale Monni mat Mondgeroch: e richt ni no frëschgewäschene Läindicher, ma éischter no ranzegem Frittefett. Duerfir war et eis wichteg dat de beschte Lëtzebuerger Metti eng fei Symbiose tëscht Fleesch-, Fett-, Grill a Würzgeroch huet fir eis Nieschen ze verféieren.

Dann d’Fettegkeet. Ween as net traumatiséiert op der Fouer vun de fettege Mettwurschten déi de Gomm verbrennen wéi eng Lava-Lawin? D’Fett am Metti muss an engem perfekten Equiliber stoen zum Fleesch, soss mengt een et géif een sech gliddegt Frittefett op d’Zong schëdden. An d’Konsistenz? Eng Mettwurscht as grafft a gereechert Schwëngel-Fleesch, an oft hu mer gemierkt dat d’Metzleren hier Reschter gären erageheien, fir den ultimativen geshredderten Trakters-Pneu-Effekt, wann anerer just “vom Feinsten” an de Wupp ginn, fir all Grill-Fetischist ze faszinéieren.

De Geschmaach wor och wichtegst: vun platte fettege Fleeschbräi ouni Goût bis hin zu Kobe-Beef Sensatiounen déi e Béierdrénker zum Jauchze bréngen.

Schlussendlech natierlech de Präis, well wee Metti seet, dee seet Béier, an nom Béier as erëm e Metti-Time, an dann erëm e Béier-Duuscht…a mir wëlle jo all dat den Owend laang gëtt oder?

*

Hei eise Ranking:

De Kaiffer huet déi beschte Mettwurscht 2017!

#1 Kaiffer

#2 Peporte

#3 Renmans

#4 Cobolux (Delhaize, Match)

#5  Metzlerei bei der Bréck

#6 Auchan

#7 Salaison Meyer

#8 Wagener

#9 Hans Wirth

#10 Kohnen

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi bescht Mettwurscht 2017

*

*

*

*

TOP10 N°15 : Déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017

 “Oh meng Maischen…wëlls du u menger Bretzel knabberen?” wäerten nächste Sonndeg etlech jonk Borschten hiren Prinzessinnen an d’Ouer pësperen, mat enger frëscher Bretzel am Grapp, an heemlech hoffen bei der Maischen am Haischen ze landen. Fir dat der sécher sidd dat aus deem romanteschen Plang keen grimmleschen Drama aus dräi Akte gëtt (schlecht Bretzel – Fouss an d’Këscht – virun der Dir), ware mir bei 32 Bäcker fir ze kucke wou et da lo déi beschte Bretzel gëtt. Dës al Traditioun, déi ëmmer zum véierte Sonndeg vun der Faaschtenzäit zu Lëtzebuerg zelebréiert gëtt, gëtt vun den Industrie-Bäcker grouss opgezunn, mat allerlee komesche Spiller an Animatiounen, ma och bei de klassesche Bäcker kritt ee Bretzelen an alle Variatiounen, mat Fëllungen déi wäit ewech vum Faaschten sinn. Mir hunn eis natierlech just op de Klassiker, déi kleng Bretzel ouni Fëllung, konzentréiert.

*

Eis Critèren:

Fir dat d’Maischen de Bouf iwwerhaapt doheem eraléisst muss d’Bretzel gutt ausgesinn, wëll wann dat sou en aarme Kéipchen Eelend ass, knapps gebak, oder eng messlonge Kräizung tëscht Aachtchen, Croissant an Trëtz déi och nach vum Bäckesch-Dësch erofgebonzelt ass, da brauch der iech näischt ze erwaarden. Schéi Forme muss se hunn, symmetresch, mat Léift geluecht, net ze grouss an net ze kleng, mat feine knackege Mandel-Splitter déi op der leefeger Zockerglasur trounen, stramm, liicht brong gebrannt ma net zevill, jo wéi den Här aus der Cola Light Reklamm, et muss ee Loscht hunn dran ze bäissen.

Oh a wann d’Maischen déi frësch Bretzel an de Mond hëlt, dann muss se fest sinn, net ze zéi, fei botteresch a lëfteg, ma mam néidege Bëss fir dat dat ganzt sech net zersetzt wéi e Sandschlass. D’Harmonie vum Deeg ass schwiereg, well sou kleng Bretzelen gi schlecht al, ma bei gudde Bäckere läit se ni laang. Déi industriell Bretzelen, déifgefruer an am Buttek fäerdeggebaak haten e schwéiere Stand, wëll den Deeg immens zéi oder al geschmaacht huet…eng Bretzel soll kéng zéi Louder sinn!

Dann de Geschmaach: nondikass, et géif een et net mengen ma hei ginn et immens Ënnerscheeder. Verschidde schick Bäckeren an der Stad mat belschem Numm verfeineren hier Bretzel mat Kanéil-Pudder, da kritt se direkt en onheemlechen Christmas-Flair, deen ee gär huet…oder net. Vun recycléiertem Kompost-Koup Deeg ouni Charakter, liicht ranzeg, mat alem Miel, bis hin zu Symphonie vu Botter, Ee, Mandel-Splitt, dat ganzt mat glëschteregem Zocker-Goss iwwerstrach, ei do glucks d’Maische vu Freed, do geet d’Bretzel fein erof, an de Bouf kritt em Ouschteren déi schéinsten déck Eeër zeréck geschenkt!

Natierlech well de Bouf kee Prêt ophuele fir der Madame eng Bretzel z’offréieren: duerfir hu mer eis d’Präisser op de Kilo och genee ugekuckt!

*

Hei eise Ranking:

De Bäcker Hoffmann vu Bouneweg huet déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017!

# 1 Hoffmann

# 2 Schiltz

# 3 Yves Rieffer

# 4 Arens

# 5 Cathy Goedert

# 6 Schumacher

# 7 Fischer

# 8 Oberweis

# 9 Christian Schumacher

# 10 Drebenstedt

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

Déi beschte Bretzel ouni Fëllung vu Lëtzebuerg 2017

*

*

*

 

**

*

TOP10 N°14 : Déi beschten Hunnegdrëpp vu Lëtzebuerg 2017

Fréier war Lëtzebuerg en Drëppeland. Mat dem Enn vun der Stolindustrie an dem Enn vun de sëlleche Knäipe ronderëm d’Schmelzen huet net nëmmen de Béierkonsum ma virun allem den Drëppekonsum staark ofgeholl. Fréier gouf oft moies, mëttes an owes „Brennes“ geschluppt fir iwwert de laangen Dag ze kommen. Haut ginn et bedeitend manner Brennereien, a fir z’iwwerliewen mussen d’Lëtzebuerger Brenner gutt Qualitéit ofliwweren. D’Konkurrenz an der Lorraine an an der franséischer Schwäiz schléift net. Fréier hunn och vill Wënzer oder Bauere gebrannt, well se vill Land mat Beem oder Friichten haten, haut maachen oft déi 4. oder 5. Generatioun vun deene Leit dës Aktivitéit. Wat eis immens gefall huet beim Akafe vun den Drëppen ass dat ee mat immens passionéierte Leit konnt schwätzen. All Brenner ass en Artist, dee säi ganz spezielle Geescht an d’Fläsch haucht, an esou all Produit eenzegaarteg mëscht. Oft ass et eng kleng Familljestruktur, an d’Mamm pecht d’Etiketten, de Jong fëllt an, an de Papp schafft de Weekend am Bongert. Dat mëscht eis Drëppen zu Lëtzebuerg sou heemlech, et ass näischt Industrielles, et si Famillje-Manufakturen.

Mir hunn eis entscheet d’office d’Hunnegdrëppe vun de Brenner déi eng Marque Nationale hunn ze testen, well déi all um Internet opgelëscht sinn, an e puer Hunnegdrëppen déi mir vun de Leit proposéiert kruten. D’Hunnegdrëpp gëtt vu Jonk bis Aal, vu Männlein bis Weiblein allgemeng gäre gedronk, well se ass intensiv ma séiss. Sou wéi mir Lëtzebuerger.

Zur Info: Hunnegdrëpp ass just Äppeldrëpp, wou den Hunneg erageréiert gëtt. Hunneg kann een net brennen. Sou dat de Geschmaach och vill vun der Qualitéit vum Hunneg ausgeet.

*

Eis Critèren:

D’Harmonie tëscht Alkohol an Hunneg. Hei geet et vun der wuelbekannter Tankstellendrëpp déi méi no Autowäschmëttel mat ranzegem Hunneg schmaacht an Tréinen an d’Aen dreift bis bei eis Kréinungen, déi wéi e Beiefestival d’Zong heemelen, a wou den Alkohol dat ganzt just nach fein veredelt a subliméiert.

Dann de Geschmaach vum Hunneg. Déi eng benotze wuel den industriellen Hunneg aus dem noen Osten, goldeg ma falsch, bei deenen anere schmaacht een eise gudde wäisse Lëtzebuerger Hunneg eraus, schéi wäiss a käreg, defteg a séiss. Och interessant ass dat Fréijoershunneg anscheinend manner Geschmaach huet, an den Hierschthunneg méi aromatesch ass. Sou dat och d’Drëppe saisonal anescht schmaachen.

Dann den Ofgang, well mir wëlle jo roueg an d’Bett kommen: déi eng krazen dat ee Kreesch deet an de Gomm d’Kopplabunz schléit, déi aner gi fein erof wéi Kaschmir, hei et ass e Genoss, et géif een net mengen dat ee Feierwaasser drénkt.

Um Enn dann de Präis, ma eng 0.5l Fläsch Hunnegdrëpp kascht net deier, déi meescht Brenner froe 15€, ausser d’Edelbrenner déi bis zu 20€ ginn. Wann ee bedenkt dat een an der Wiertschaft bis zu 5 Euro pro Glas muss bezuelen, da kritt een awer och Tréinen an d’Ae. Allez, gudden Hunneg a lass.

*

Hei eise Ranking:

De Jean Dahm vu Bech huet déi beschten Hunnegdrëpp vu Lëtzebuerg 2017!

#1 Jean Dahm, Bech

#2 Beiemann, Bous

#3 Coopérative Lëlljer Gaart, Lullange

#4 Raus, Aspelt

#5 Fernand Rhein, Erpeldange/Remich

#6 Tudorsgeeschter, Rosport

#7 Fisch Albert et Fils, Calmus

#8 Dolizy & Guillon, Ehnen

#9 Weber André, Wormeldange-Haut

#10 Astrid Leuchter, Breidweiler

*

De ganzen Detail fannt dir hei:

TOP10 N°14 : Déi beschten Hunnegdrëpp vu Lëtzebuerg 2017

*

*

*

*

Processed with MOLDIV

TOP10 N°13 : De beschten Dräikinnekskuch vu Lëtzebuerg 2017

Fir eng kléng kultivéiert Minoritéit ass de 6. Januar all Joer nach mam Erschénge vun den hellegen dräi Kinneke verbonnen… fir di aner, dat heescht all d’Vielfraassen ënnert eis, ass Dräikinneksdag virun allem mat enger Kläpperei em d’Boun am traditionelle Kuch oder d‘mega Gegrimmels vum Bliederdeeg op der Kusch verbonnen. Zu Lëtzebuerg gëtt dëse Kuch wéi d’Galette des Rois a Frankräich gemaach, dat heescht ebe mat fettegem Bliederdeeg an gurmangseger Frangipane, wat eng zéckereg Mandelcrème ass. De 6. Januar ass och ëmmer Héichbetrib an den Urgencen, mat all de Schlemmermäuler déi d’Porzeläinsfigur mol einfach gejickt hunn…oder et deet halt bësse wéi 2 Deeg drop ;-).Bei iwwer 20 Bäcker ware mer fir dësen kultege Kuch sichen ze goen, an verschiddener hu sech scho cool Saachen afale gelooss fir d’Boun ze ersetzen. Mol kucke ween dëst Joer d’Kroun opkritt.

*

Eis Critèren:

D’Ästhetik op alle Fall. Sou eng Galette muss iwwerzeege wann se um Dësch doheem oder um Büro steet: schéin glëschtereg brong gebrannt mat brillantem Eeër-vernis, delikat verziert vum Picasso himself, propper ronn geformt a mat engem strammen Daach iwwert der Farce, an net blatzeg wéi en ale Jute-Sak, mat enger Form wéi eng verdruddelt Pabeierstut, an den Deckel agefall wéi eng stëppseg Schlassruin.

Dann den Bliederdeeg: hei weess ee beim erabäissen direkt op et sech em déifgefrueren Deeg vum Bäcker-Grossist handelt, oder ob e frësch gemaach ass: schéi fein a knuspereg wéi e Mille-Feuille muss e liicht grimmelen, wéi eng handgerullte Wäffelchen op der Zong schmëlzen, mat feinstem Botter-Aroma d’Nieschen verwinnen, an net wéi ausgedréchent Seemiel um Gomm zerfalen, ouni Goût, ouni Charakter, just Knascht ouni Loscht.

Den Héichpunkt ass d’Frangipane: hei gëllt et eng räich, frësch a konsistent Crème hinzekréien, lëfteg-defteg-liicht fiicht, déi no richtege Mandelen schmaacht, wou och richteg Mandelen drasinn, veredelt mat raffinéiertem Vieux Rum 20 Ans d‘Âge aus der Guadeloupe, an net eppes dranzedruddelen wéi eng blatzeg Farce aus bëllegem Zocker a Miel mat artificiellem Mandelextrakt, ugereechert mat aarmséilegem Schnicki vun der Tankstell fir de ganze Misär ze vertuschen.

Ausser de Präis pro Kilo – fir eis no de Feierdeeg net erëm ze ruinéieren – hu mer natierlech och d’Originalitéit vun der Boun, der Figurine déi drastescht, gekuckt, well hei kann eise Bäcker weisen dat hie kee vun der Staang ass, an d’Kroun och richteg verdéngt huet.

*

Hei eise Ranking:

D’Patisserie Oberweis huet de beschte Dräikinnekskuch vu Lëtzebuerg 2017!

#1 Oberweis

#2 Gerard Cayotte

#3 Cocottes

#4 Brisbois

#5 Peschong

#6 Cathy Goedert

#7 Au pain de Mary

#8 Fischer

#9 Jos et Jean-Marie

#10 Berto

 *

De ganzen Detail fannt dir hei:

De beschten Dräikinnekskuch 2017

*

Eis spezial Mentioune fir cool Iddien ginn un:

– Oberweis a Fischer fir hier cool Concours’e wou ee flott Präisser gewanne kann wann een d’Boune sammelt.

– Emo (jo, eng Metzlerei) fir hier nei lecker Kreatioun: eng Dräikinneks-Tourte mat Fleesch-Fëllung…mol eppes fir Männer op dësem séissen Dag.

*

*

*