Op wat baséiere mer eis bei eiser Wahl ?
Mir leeën fir all Produkt spezifesch Critère fest, déi eis hëllefen eng objektiv Evaluatioun ze maachen. Fir eisen éischten Top 10 hu mer de Präis, d’Ausgesinn, de Grammage, de Puddings-Goût, den Deeg-Goût an d’Konsistenz vun all Aachtche getest an notéiert, ouni ze wësse vu weem se gemaach gouf. Duerno hu mer decidéiert d’Moyenne vu verschidde Critèren ze huele fir e Ranking opzestellen.
Des Critère wäerte jee no Iesswuer änneren. Ma op jidder Fall wäerten dës 3 Fauschtregelen agehal ginn :
- Iwwer 20 Produzente mat frësche Produkter aus Lëtzebuerg musse getest ginn – wa méiglech blann
- D’Resultat muss en Duerchschnëtt vun 3 Critère sinn
- Et musse minimal 5 Testpersoune matmaachen
